Den JIB Forum

Rock d'Maous Käti 3

 Rock d'Maous Käti 3

Ech wees et as nach fréi, mee en gudden Concert get schon oft 1 Joer am Viraus geplangt. ech fäenken lo mol en hallewt Joer virdrun un. Ech hun mer virgestallt fir eng ganz Anlag, mat allem, Verstäerkeren, Gesangsanlag, Meschpult an Tountechniker aus dem Stage-Music ze lounen. Dat as méiglech, mee natiirlech get et net belleg. Ech geef do den Präiss sou séier wéi méiglech nofroen. Well dann wäeren mer net emmer vun denen aneren Banden ofhäengeg. D-Fact hun eis vill gehollef, an ech denken dat den 3. Concert sollt nach besser gin wéi den 2., dat heecht dat mer net sollen op méi "schlecht" Material zeréckgräifen an eis eben emfroen wat sou eng professionel Anlag kascht. Mam 2. Concert hun mer eis schon en klengen Numm gemat, an d'Leit erwaarden sech all Joer méi, geef ech mol soen. An ech geef dest Joer mat Sponsoren schaffen, keng super bekannten, mee eis Banque wou mer sin, eis Assurance, Bofferding, de Chinese, an sos nach e puer, de Freis vläit nach. Sou kéinte mer d'onkäschen vun der Anlag erankréien, d'Gedrénks fir Banden sponseren loossen an all déi aner Keschten déi ufaalen. Alles kréien mer net gedeckt, mee dann kennt jo nach d'Entrée derbäi an d'Suen deí mer um Gedrénks eran kréien.
Ticketen am Virverkaaf, sou 50-100 Stéck, wier nariirlech och net schlecht. Dann häetten mer déi Leit schon secher an mer kéinten e besen méi genau plange. Dat gesi mer awer nach alles.
Wéi eng Banden geeft dir iech sou virstellen. Ech perséinlech geef bei héchstens 6 bleiwen. Well et as sou, den 2. Concert as gudd gelaaf, mee et war nach net "professionel" genug. O.K., ech iwwerdreiwen. Mee mir waren emmer vun aneren Banden ofhäengeg, mir haten keng Sponseren. Ech geef den 3. Concert (Ufanks grouss Vakanz) nach e bessen méi am klengen Style loosen. Einfach fir ze kucken wéi et mam Stage an den Sponsoren geef laafen. En ganzen Dag wier eis nach ze héich well mer nach net déi Erfahrungen hun wéi en mat professionellen Ugeleegenheeten emgoen soll. An den 3. Rock d'Maous Käti wier nach liicht méi kleng wéi mer et vläit welles hun, an trotzdem geefen mer et aneschters opzéien wéi den 2. Mat all denen Sachen déi mer fir en richtegen "Festival" vun 1.-2. Deeg brauchen. Well do kennen mer op geleiten Material vum Stage oder sos engem net verzichten. Oder get et eng Band déi hier ganz d'Geschir eis geefen fir 2 Deeg iwwerlossen? Ech mengen net. An dann as et nach emmer besser wanns de en hues den dat ganzt Meschput bedéngt an mir eis em dat alles net mussen bekemmeren. Wann dat dann alles gudd ofleeft kennen mer den 4. Dann en ganzen Dag laafen loossen, well mer wessen dat mer emmer erem bei den Satge froen kennen goen an mer eng Ahnung hun wéi dat alles mam Virverkaaf, Sponsoren an sou leeft.
Zu den Banden: ech sin fir Estrépito, Orange Squad, Toxkäpp, Destitution, Inborn an Légo. An dir?
Sou, dat as et lo mol. Dir wäert mech zwar lo fir domm haalen welle ch schon lo domadder kommen, mee wann an näechster Zäit den Gros, dat heecht de Sall, d'Anlag, d'Sponsoren, d'Banden... organiséiert as, musse mer eis net stressen an hun genug Zäit fir d'Klengegkeeten ze organiséieren.
Wat sot der dozou? Wéi eng Ideen hut der, oder wat as net gudd? Schreiwt mer w.e.g. äer Meenung.

Re: Rock d'Maous Käti 3

wei jan, nett emol defdump? oder wei daat och emer geschriwen gett,
jo, geif daat gudd fannen, mee mee hei mee do, emmer daat selwescht, nett. wees nett waat ech soll soen, ass awer gudd sou!, also weis de ett beschreiws.

meng favoritten sinn: defdump, wann se zevill froen dann nett, mee dei zeien leit un!!!!!
toxkäpp, dei zeien och leit un!!!
estrepito, stamm gaascht!!!
orange squad, sin bekannt am land!
inborn, sin bekannt an zeien vill leit un, daat heescht wann se biss dann erem spillen, an wann se nett zevill arogannt gin sin an zevill froen!
destitution, fier dei leit dei vill beier drenken, emmerhin gudd vir eis!!
also deen programm geif ech gudd fannen! nett???

Re: Rock d'Maous Käti 3

Tip top Jan dats de daat alles mol sou däitlech erwähnt hues.
ech giff soen, wann alles sou verleeft wéis du daat lo opgezielt hues (waat jo dierft kee Problem sinn)........da wärt daat schon klappen!!!
Déi nächst Versammlung kenne mer jo dann gemeinsam doriwwer schwätzen wenn wéini Zäit huet an woubäi kéint hellefen.

Brädetz

 Re: Rock d'Maous Käti 3

also ech hun couchgrass zimlech gudd fonnt .. dat wier gail dei nach eng keier ze gesinn well denen hiren album kennt jo och geschwönnn ...

estrepito mussen op alle fall kommen >STAMMGÄSTE<

an dann .. ??!! torpid oder fluyd fannen ech net schlecht !!! orange squad wir och net schlecht !
oder awer dei band vum joe (christophe sein cousin) ech wees net wei dei heeschen mee wee wees ...
ajo toxkäpp wär och an der REI !

ajo .. hun mer welles rem en normalen concert ze man oder en OPEN-AIR ?? dat wir jo stramm me wou keint en dat machen ouni dass et problemer ginn !
wei wär et mat bruchi.net als sponsor ? ne komm war nemmen en witz !!! ;-)

Bruchi the Ripper

Re: Rock d'Maous Käti 3

wa mer de fausti giffen kréien, da wier daat awer och schon eng fein saach

 Re: Rock d'Maous Käti 3

dat mama fausti wär eierlech gesoot mol keng schlecht idee ! a wann et nemmen ass fir al leit unzelackelen ! dat geef bestemmt zeien mee dan missten mer et " Rentner Rock Maus Käti" nennen

Bruchi the Ripper

Re: Rock d'Maous Käti 3

Jo,gell?
Mee vergiess daat mam Fausti,deen setzt mat senger Wampe a Spuenien (gell Jonathan).........
Naja,hien kennt vläit nach eng Kéier fiir de Pompjeesbaal op Elvange

 Re: Rock d'Maous Käti 3

gell .. alez lass bei pompjeen FAUSTI

Bruchi the Ripper

Re: Rock d'Maous Käti 3

jooooo...........ech hun lo mol weekend

Re: Rock d'Maous Käti 3

Ech sin fir den Udo Jürgens.

Re: Rock d'Maous Käti 3

Cool dat iech méng Virschléi gefaalen. Mir wäerten an näechster Zäit eng Versammlung nemmen iwwert den Concert machen. Dann beschwäetzen mer alles genau, sou dat joidfereen schon mol eng Charge kritt, wat en fir eng näechst Versammlung machen soll. Mir mussen eis iwwert verschidden Sachen informéieren, déi Arbecht wäerten mer eis dann opdeelen an jidfereen seet dann, wat en esou rausfonnt huet. Detailer gin et e Freiden.