Stickman - Forum - Alles

den popst ass doud

 den popst ass doud

ech fannen schon dass dat dawert ass en neit thema opzemachen ... wat ass eer meenung doriwwer dass en elo doud ass ??? also fir mech ass et elo net extrem schlemm ... also natierlech kann ech verstoen ass sou vill leit fir hiern traueren ... fannen et nemmen bessen schlemm dass norichten nemmen iwwert dat schwetzen an dei anner saachen dei geschidd sin ( dei menger meenung no mei schlemm sin ) nemmen schnell niervenbei gesot gin ...



 Re: den popst ass doud

Naja du häs der awer kennen en besseren Titel ausdenken. Deen do wierkt esou wei wanns de et grad gewuer gin wärs, an du weils der Community dat matdeelen.
"wat denkt dier iwert den Popst" oder sou wier besser gewiecht!

Ech muss soen, dass dei ganz Sach mench zwar schon interesseiert, awer ech fillen mech elo net wirklech betraff dovun. Mee ech kann awer gudd verstoen, dass esou vill Leid elo Traueren.

An dei ganz spezial Sendungen dei elo kommen nerven mech och schon zimlech. Mengen dass de eng extra Sendung emol mess, ok dat kann ech verstoen, mee nemmen nach dat weisen. An ech sin net deen eenzegen deen sou denkt, well imerhin hat Pro7 dei den Samsden als enzeg KENG spiezial Sendung gewissen hun deen greissten Marktundeel vum Owend!!!
Ech hun d Noricht gelies, dass en doud wier, nach en puer Biller gekuckt, an dun erem GIGA Games ferdeg gekuckt!



 Den Fürst Rainier vun Monaco ass doud

Fürst Rainier III. von Monaco (81) ist tot. Er starb um 6.35 Uhr in der Herz-Lungen-Klinik Monacos, teilte der Fürstenpalast mit. Rainier litt an einer Lungenentzündung, lag zuletzt auf der Intensivstation, wo er künstlich beatmet worden war. (Quelle:Bild.de)

(Aline esou hat ech dat gemengt. Wann d Sach aktuell ass, past den Titel)



Re: den popst ass doud

... du bass dach nemmen neidech gewiercht dass ech firdeicht op dei idee komm sin dat thema opzemachen ...



 Re: den popst ass doud

sin ech net. An weis de geseis geet dein Thema net grad besonneg gudd! Tja et kann eben net jidereen erfolgreich Themen op maan (PSP vs. NDS ass schon op der 9(!!!!!) Sait)



 Re: den popst ass doud

ech hun och schon gudd themaen opgemaach ... z.b wat nervt am meechten ... ass dach vill geschriwwen gin do !



 Re: den popst ass doud

Ech fannen et cool dass dir 2 ierch wirklech suguer iwert den dout vun Aneren kent zerstreiden . jojo Iwert den DOUD vun dem popst..
Ei ei ei .

Meng mehnung dozou ass dass den Mann dach nemmen gudd erleisst ass deen gouf dach nemmen nach hin an hier gedreckt. An konnt naischt mei selwer maachen.

 Weißer Rauch - neuer Papst gewählt

ech wollt just bescheed soen, dass grad een neien Popst gewielt gouf!
genau um 17:50 ass den weissen Damp opgetaucht abn um 18:04 hun dun Glacken geleid! Et kann awer nach bis zu 1er Stonn dauert, bis bekannt gin get, ween dann elo zum Popst gewielt gouf!

Mat Stickman.lu ass een eben emmer top aktuell informaiert!



 Joseph Ratzinger neien Popst

elo grad gouf virun 10000en vun Leid ennert groussem Jubel gesot dass den deitschen Joseph Ratzinger den neien Popst ass!