Stickman - Forum - Alles

SONY - PlayStation

 SONY - PlayStation

Zali

Hei alt erem eng nei categorie wou dir saachen kent froen?? oder schreiwen!! iwert SONY saachen an och iwert PlayStation 1 - bis 3, oder PSX. Majo hoffen dir schreiwt vill schein an interessant saachen dran...
Sos get den Moni beis
Merci

 Re: SONY - PlayStation

GTA-News

Hun gelies dat deen neien GTA-San Andreas elo dei officiel bestätegung krutt vun EA an sie hun suguer och een datum gesodt weini et eraus soll kommen an daat ass nach an desem joer den 22. oktober 2004 dann kent dir ierch elo alt schon freeen. Natirlech ass et emol als eicht nemmen fir PLAYSTATION sos geif et jo net hei an der Categorie stoen. Written by Mr.V

 Re: SONY - PlayStation

Hey Ladies and Gents

Hei eng kleng foto mee eppes ass secher sie ass NET vun Sony
mee egal hoffen et gefällt ierch awer...
soss





play......jpg (38 kByte, 640 x 444 Pixel)
speichern

 Re: SONY - PlayStation

ech gesin, du huers awer en bessen eppes gemach hei , wärend ech fort war! Gudd esou! an deng PS4 ass gelong (kennt awer net un mein Auto erun!!!!)

 Re: SONY - PlayStation

SONY brennt auf Papier.

Zitat GIGA:" Sony hat zusammen mit der japanischen Firma Toppan Printing eine Papierscheibe entwickelt, auf der sich satte 25 GByte an Daten speichern lassen.

Es handelt es sich hierbei nicht um ein einfaches Blatt Papier, sondern um eine Scheibe mit der Struktur der Blue-Ray Disc, die aus 51 Prozent Papier besteht. Ermöglicht wird dieses Verfahren durch die Blue-Ray Technik, da der Laser hier nicht zwingend durch eine Substrat-Schicht geleitet werden muss. Ein weiterer Vorteil ist auch, dass man das Medium hinterher einfacher bedrucken lassen kann. Genauere Fakten werden wir vermutlich Ende April erfahren. Dann wird Sony, zwischen dem 18. bis 21. April, auf der "Optical Data Storage 2004 Konferenz" im kalifornischen Monterey, das neue Speicher-Medium vorstellen."

(zefridden LLoyd?)

 Re: SONY - PlayStation

so, wat west dier eigentlech schons alles iwert dei nei Konsol vun SONY (PSP)????? Mech geif dat emol interesseieren!

 Re: SONY - PlayStation

GTA San Andreas

Majo dann hut der hei mega aktuell news an net aus der screenfun. An lass get et,
dei meescht hun jo gemengt dat dei nei staadt san fransisco geing ähnelen oder och Los Angeles oder awer Las Vegas?
An sie haaten alleguer RECHT.
An deem neien Spill get et net nemmen eng staadt wei bei Vice city mee et gin der 3 wou eng esou grouss ass wei ganz Vice city!
Dei nei Stiedt heeschen: LOS SANTOS, SAN FIERRO an LAS VENTURRA.Waat mega cool ass, ass dat dei 3 Metropolen sech net nemmen an hierer Topographie(Ausgesinn) mee och an hieren Awuner enerscheden dei drei Metropolen sech. Daat heescht SAN FIERRO ass ganz verwenckelt an mat bieger wei eben San Fransico, an et ass anscheinend net einfach fir do Missiounen ze maachen. Natirlech leien dei 3 Metropolen net uneneen mee wei och am GTA3 an am Vicecity muss een eng zaitchen fueren biss een an der neier staadt unkent!

Hanert deem ganzen stecht natirlech nach eng exellent geschicht mee dei verroden ech nach net soss ass et jo gur nemei spannend fir d'spill ze kaafen...

Jojo an et ass nach net färdeg den Carl deen neien Charaktär am San Andreas kann z.B zu Las Venturra een Casino bauen lossen an domat natirlech mega geld verdengen. Vir all dei saachen muss een natirlech och vill mei haart schaffen. Daat ganzt Spill ass 80% mei grouss wei den Vice City. jo ass wouer!! Waat net ze vergiessen ass et sinn nei Waffen dobai an nei Tansportmettel wei veloen an nach eppes ganz interessantes.

Den Carl kritt an all neier Missioun nei fähegkeeten, z.B an heiser anbriechen an ausraumen. Brecht een irgendwou an ouni ze wessen wei dann kann daat mol gudd an d' aan goen!!!!!!!!! An, an desem exellenten Spill hun ech ierch daat bescht nach net gesodt. Den Carl muss net nemmen un senger Karrier schaffen mee och un sengem KIERPER daat heescht den Carl muss och iessen, an well een an desem Spill esou vill an Haiser goen kann an enert anerem och an een FAST-FOOD restaurant muss den Carl iessen vir stark ze bleiwen dofir hun dei vun Rockstar games een extra Ausdauersystem entweckelt.
Den Carl muss regelmässeg iessen mee en muss awer och op seng Figuer oppassen an dofir muss en an den Fitness studio goen oder e bessi am pool schwammen. Wann hien daat net mecht dann kann den Carl net esou schnell laafen an kann virun allem guer net laang laafen. An dodurch huet den Spiller schwieregkeeten d'Missiounen ze packen oder IWERHAAPT NET ze packen.

Majo daat war et bis elo, et wärten vill fehler dran sinn mee ech hun elo eierlech keng loscht se all ze verbesseren. Nach eppes daat ganzt spill handelt an de 90er an alt e puer screenshots fant dir ennert

www.rockstargames.com/sanandreas/

et kent am OKTOBER eraus an wärt em dei 60 euro kaschten dann vill spass an hoffen et gefällt. Ajo an et ass natirlech NEMMEN fir [color=darkPlaystation 2[/color].





screen01.jpg (88 kByte, 640 x 448 Pixel)
speichern

 Re: SONY - PlayStation

INFO

An dann un den herr SASSEL d'PSP ass keng konsol mee een HANDHELD an just als kleng info den schierm ass 16:9 an huet 16,7 milliounen Farwen. An et waert esou spiller drop eraus kommen wei Metal Gear Acid.... an nach vill mei

Mei zur PSP eng aner keier mee kent awer glaich eng keier..

ciao

 Re: SONY - PlayStation

Need for Speed underground 2

jo ganz genau hei erem e puer kleng informatiounen dei bestemmt net nemmen Playstation spiller mee och dei anner keinten interesseieren wel !!!! anscheinend ab dem 17november soll deen neien Need fro speed eraus kommen an zwar fir Playstation natirlech an fir PC, Gamecube an Xbox. jojo Natirlech wei an all fortsetzung sin nei autoen drann an zwar 10 neier.

Mee et ass een neien charaktär deen mat spilt an dei madam get engem vun den haapt charaktären hier stemm. Dei Madam heescht Brooke Burke an ass anscheinend een mega auto fan. Dir kent dei madame net dann get et heisch zait, hei enendrener eng kleng foto wou der hat drop gesid. Sos ass nach dozou ze soen dass EA den eischten deel vun underground, weltweit em dei 6 milliounen mol verkaaf hun an dofun d'halschend op der Playstation. Maja an ad deem neien spill kent der nach mei genau den Motor tunen dir musst den auto fir all aner streck nei anstellen. Mee net dat dir elo ofgeschreckt sidd et muss een keen mecanicien sinn fir sech daat spill ze kaafen. Absolut nei ass et dass een eng Art lieweg staadt huet net wei bei dem viergänger wou een just op den strecken gefuer ass mee hei kent dir selwer an dei ferschidden tunning garagen fueren wei am GTA. Dir kennt ären auto och zweschen den Rennen tunnen goen an dann durno weider bei daat nächst rennen fueren. An deem neien spill fuert der an deenen 5 deeler vun der staadt ronderem wou bei der am eischten deel mei am zentrum wart. An dei 5 deeler vun der staadt enerscheeden sech an hieren strecken, ass jo och logesch sos wär et jo langweileg.
Beim tunnen hud der 2x esou vill optesch tunning artikelen wei beim eischten spill. Dir kennt suguer Audio-Anlagen dran bauen. D'entwechler vun EA hun gesodt sie geingen d'grafik e bessi erof setzen wel sie weilten jo net dat den spieler vun all deenen spezial effekter ofgelenckt geing ginn. Mee sie ass awer emmer nach exellent sie vezichten just zum deel op (tiefenschärfe, Rauch...) mee waat nei ass, ass een wieder modul, esou kann et sinn dat am unfank vum rennen nemmen woleken um Himmel sinn mee zum schluss et mega rennt.
Majo hoffen hun naischt vergiess mee keng angscht sos schreiwen ech et erem hei hinner.

Screen shots vum neien spill fant der schon vill am internet, an emmer dei neisten EA infoen fannt der op :

www.electronicarts.de

gidd roueg kucken
dann bis sos emol erem an entschelegd fir d'fehler.





screen01.jpg (55 kByte, 480 x 600 Pixel)
Anzeige optimiert für beste Darstellung.
Großansicht - speichern

 Re: SONY - PlayStation



Eine Schlechte Info ist das der Spiele Hersteller Acclaim insolvenz angemeldet hat, weil sie bekamen keinen neuen Credit zugesichert...

Schade kann mann da zu nur sagen !