Stickman - Forum - Films

Film - Feedback

 Film - Feedback

Hun mir geduecht dass daat flaicht Interessant wär fir Leit dei engem een Film Rekomandeieren wellen oder engem dofun Ofroden wellen. No deems een d'Geschicht oder Thema vum Film an der Rubrik Film-Tipp geliess huet kann een dann hei hinner kucken kommen wei den Film unkomm ass. Oder nodeems een den Film kucken war schreiwen wei een en fondt huet.

Ass daat net flott ! waat et net alles bei Stickman.lu get !

 Re: Film - Feedback

FINDING NEVERLAND ??

Also ech muss soen dass desen Film mir ganz gudd gefall huet! Et ass eng embiance dei ech nach an kengem aneren Film gesinn hun! En ass net langweileg, an den Jonny Depp ass an mengen aan perfekt fir des roll. Well hien huet wei den ganzen Film irgend eppes spezielles !Den Film ass natiirlech Trauereg.

Et ass een Film deen 1 sech herno als DVD roueg kaafen kann! Ech fannen dei 6€ oder 7.50€ sinn et wärt gewiecht! Mee bon ech wees elo schon weivil leit soen herno sie hätten guer naischt verstaanen ?!?!?!?!?! mee bon

MAIN TIPP -> Kann een roueg kucken goen. Natirlech, et ass speziell an et muss een sech schon e bessen fir theater oder märecher interesseieren! Mee an mengen Aan 1 flotten Film

hei nach den link zur Homepage :

https://www.miramax.com/findingneverland/


an den trailer zum FILM :

https://www.apple.com/trailers/miramax/finding_neverland/





finding_neverland.jpg (89 kByte, 515 x 765 Pixel)
Anzeige optimiert für beste Darstellung.
Großansicht - speichern

 Re: Film - Feedback

Also ech kann dem Lloyd nemmen recht gin! Deen Film ass wirklech absolut dowert fier en kucken ze goen. An denkt net nemmen well en heiansdo traureg ass, an et em Märecher an Theater geet, wier sou een typechen Schnulzen-Film.
En ass wirklech ganz speziel, an verschidden Szenen sin sou richteg befreient an schein gemach!

An ech fannen den Johnny Depp an deser Roll praktech genau sou gudd, wei als Pirat (eng Roll dei och mega bei hien passt)

An obwuel dat ganzt eigentlech an der Realiteit geschitt, kennt een sech en bessen fier wei an engem Märchen!

Also beide Daumen hoch für Finding Newerland !!!



Re: Film - Feedback

also ech mengen ech gin den film och kuken! ausserdem wolt ech nach soen dass en film mam jonny deep emmer gudd ass mee elo emol zu grudge ... ! hun jo schon vum michel an vum lloyd heieren dass den film en vun dennen beschten horrorfilmer soll sin! mee ech wor net seu richtech iwwerzeecht vun dem film ...sin nemmen 1 mol aaschreckt ... kann natierlech och dorun hänken dass ech en meeega film award hun well mein bruder seu dovun geschwärmt huert ... mee am greussen ganzen wor en awer gudd ... an ass dawert fir kuken ze goen ... mee ech hun dawn of the dead an gothika perseinlech besser fond !



 Re: Film - Feedback

Wost der schon dass den Film "Finding Neverland" schon seit baal 2 Joer ferdeg war! Allerdengs war demols grad een Film eraus komm den och den Peter Pan als Story hat, an deen een zimlechen Flop war! An dun hun se geduecht dann verreckelen mer den Film einfach emol sou lang bis d Leid den Peter Pan net mei mat schlechten filmer verbannen!

Dei Zeit dono huet den Johnny Depp dun genotzt fier den "Pirates of the Caribean" ze dreien, an hien huet gesot, dass den Finding Neverland hien enorm inspireiert huet fier den Pirat ze spillen, an dass hien dat nie hät kennen sou gudd spillen, wann en net Finding Neverland virdrun gemach hät!

tja deen Film ass schon eppes besoneges

 Film - be cool

Be cool

Also ech war den "be cool" mam Lloyd kucken an hein huet gesot ech sollt eppes driwer schreiwen well hien keng loscht huet! An wann den Lloyd dat seet dann maan ech dat och!

Den Film muss ech soen, ass net schlecht awer och elo net den Hummer. Den Unfank zitt sech zimlech , well alles erklärt get wenn wiern ass, an fier ze weisen em wat et geet! Ech zielen hei net alles ob well sos geif deen text hei sech och erem zeien!
Ech muss soen dat besten um Film waren all dei kleng witzeg Szenen, an der een en witzegen Kommentar get, oder wou een Star eng Gastroll huet. Oder einfach nemmen witzeg Charakteren, wei dei Schwarz Gangster Gang mat hieren fetten Autoen, an den Typen mat mei wei krassen Muskelen, oder den schwulen Bodyguard deen vum "The Rock" gespillt get!
Alles an allem hun ech den Film gudd fondt an ass dowert ze kucken, wann een keng loscht huet op een super anspruchsvollen Film, oder blödel Komedie!

an nach zum Schluss: " I am cool!"

Watch \" be cool\" Trailer\"







becool.jpg (14 kByte, 200 x 279 Pixel)
speichern

 Re: Film - Feedback

Batman Begins

Sou also ech muss mol soen, dass ech deen neien Batman wirklech gudd fond hun. Mol eng keier een Action Film, mat interessanter Story. Wann een geseit wei den Bruce Wayne zum Batman get, an dobei seng greissten Angst muss bekämpfen ass schon flott. Mee trotz vill Story Deeler, wou alt och emol vill geschwat get, kennt d Action net ze kurz. Zumols wann een mam Batmobil ennerwee ass, vibreiert deen ganzen Sall durch deen mechtegen Sound. Dat an kombinatioun mat extrem spektakulären Biller, mecht verschidden Szenen zu engem richtegen Erliewness.

An et soll keen mer erzielen, dass zu deem Film keng Fortsetzung kennt, well mat deem Schluss,... ech mengen mei kann een einfach net op een 2en Deel hinweisen (Kaart)!!!

Ech kann nemmen soen, dass een deen Film roueg kann kucken goen, allerdengs sollt een och loscht hun en bessen der net ze schweierer Geschicht ze folgen, well sos entgin engem awer schon en puer interessant Geschichten. Awer och Action Fans kennen berouegt an den Film goen!

Batman Begins : Trailer









batman.bmp (265 kByte, 710 x 380 Pixel)
Anzeige optimiert für beste Darstellung.
Großansicht - speichern

 Re: Film - Feedback

WAR OF THE WORLDS

Ech war deen Film geschter owend kucken -> an ...  et sinn e puer cool zeenen dran mee en ass awer elo net esou mega berauschent !  Et ass alt erem een Film wou esou een klengen mann (Tom Cruise) alt erem den King ass. Mat Happy end an  oh mam alles emmer esou schein ... opwuerl an der originaler Geschicht d'Menschheet verleiert ! well mir der annerer MAcht komplett enerleen sinn. Daat ass zwar och am Film den fal mee, et ass eeben een Hollywoodstreifen vun Spielberg .

OK et gin och gudd Filmer vun him, mee deen hei ass fir mech (DREAM CATCHER) an e besi TAKEN also 100% Spielberg  ween et gär huet soll et kucken goen deen kent dann voll op seng käschten ...



 Re: Film - Feedback

Ech fannen et schein, dass de hei ouni Fierwarnung den Schluss vum Film vereits. Ech wollt den Film zwar souwiesou net kucken goen, zumols well gudd Alternativen laafen, wei Sin City oder Batman Begins. Dat sin och Action Filmer allerdengs ouni dei typech "Tom Cruise Super-Held" Geschicht. An fier dei, wou gaeren eppes witzeges gesin, soll den "Madagascar" anscheinend zimlech witzeg sin. Gin en mol kucken, an dat gin ech och een klengen Feedback dozou. 



Re: Film - Feedback

Asou ech wor geschter och WAR OF THE WORLDS kucken , mier hun eis awer net gesinn ??? FAZIT : Erem eng keier 6 EURO an den Gins gesaat