Stickman - Forum - Friends

Inner circle feat. Dart circle

Re: Inner circle feat. Dart circle

Den B dann schreiwt en, en geif ne verstoen an dann ... den Roland dei aal Sexmachin, genee deen Emotional starken Dartspiller majo an ass leif dass den Alkohol emmer direkt an erwegung gezun get, vun persounen dei ...

Allez dir Zeiwen neel.


Re: Inner circle feat. Dart circle

Hei ass dei richteg Plaatz fir iwwert dem Tobi seng Party am Scott's ze diskuteieren. Waat geet en Samsten dann do ab? Einfach een hiewen?

Ass eis "3" dann och dobei? Well schliesslech kennt an 2 Deeg seng Draamfra op en dur, dei nei Wii




____________________

Re: Inner circle feat. Dart circle

En samsden am scott's as een hiewen, mee net einfach een.

Et soll den Ofschloss vum turbulenten Joer gin, well en samsden as dei leschten Keier wou mer eis dest Joer vlait fir d'lescht all zesummen kennen gesin.

An well ech jo sou een emotionalen Typ sin, fannen ech des Idee ganz gudd.

Den Ofschloss vum Inner circle 2006, well een jo ni wees wei et daat nächst Joer weider geet, 2007 kann nemmen besser gin, an awer och vlait ganz anescht.

Doweinst wier et schein wann mer eis nach eemol als Inner circle keinten gesin, mir machen och vlait eng Video Live Konferenz mam Snorri, kucken ob sech daat machen leist.

Hoffen dir sidd all do, natirlech as et den Inner Circle feat. Michel aka '3'.

B? den Owend PP?





Re: Inner circle feat. Dart circle

1. Dei Videokonferenz fannen ech gudd, mee mengen an Island ass et ze kaal fir irgendeppes an Nuecht ze huelen.

2. Kloer den Nowend PP

3. Wisou sollt et fir d'lescht sin? D'Joer ass dach nach laang.. An dann kommen jo nach dei mei schein Deeg um Enn vum Joer, well deen hei huet vum 22.12 bis den 02.01 Congé. Ass daat net flott?




____________________

Re: Inner circle feat. Dart circle

Daat schaisst Joer as Gott sei dank glaich riwwer, an lo kommen glaich dei abgefuckten Feier(schaiss)deeg,

do as d'Motivatioun um Enn, an desen Mount as dach schon baal faerdeg, lo kennt schon rem glaich d'paie, an am groussen ganzen, as dach alles schaiss egal, well ech hun doheem O.C. Staffel '3' . Dobei kann ech mech rem voll goen lossen, lo an desen schlemmen (Feier)zaiten.

um 19.15 an der Haal, haett gaer meng schong zreck, an breng den Pech mat w.e.g., main as jo verdreschend.

AN HUES DU NAICHT ZE SCHAFFEN B?.





Re: Inner circle feat. Dart circle

Wisou daat gefluchs? Daat ass net schein, dofun kritt een giel Zänn! Ech gin jo zou datt dest Joer net sou daat war an all 1sten Januar gett rem alles besser.

Ech hun gemengt dei vun OC wiren all doud, vun deenen heiert een dach naischt mei. Ech kucken nemmen nach Lost an Desperate Housewives regelmeisseg, den Recht ass alles schrupp.

An meng net ech hätt naischt ze din: ech hun just proportionnal gesin ze mann aarbescht fir dei laang 8 Stonnen ze fellen




____________________

Re: Inner circle feat. Dart circle

An dir 2 Fetz ierch wei Zwee jonk meedercher  an LOST ass top hun elo den eischten deel vun der 3Staffel gesin ....................  ze krass. Meega krass.
An ech verstin dem Luc sein Haas net? wel elo kennt dach daat meedchen heem wou mat N unfänkt an mat ORA ophällt ?

Dan kann dein Herz dach erem laachen. An den Samsden sin ech derbei an durno ? muko oder ? Majo dir villschaffend MÄNNER  ... LOST ass ze krass!!!!


Re: Inner circle feat. Dart circle

Main Herz lacht net mei, keen Meedchen kann daat am moment zem lachen brengen, muss muss kucken dass sech daat nees ännert. Och den 'N'(ORA) brengt daat net wahrscheinlech faerdeg.

Ech warden lo mol den Week-end of, en samsden gett et jo bestemmt nach eemol schein ( à la shot, à la bière, à la vodka et lemon).

Beim muko wees een ni, beemol as en do, oder och net, d'optioun MUKO besteet jo emmer, mee daat as net firrangeg.

Lo schaffen ech weider, bis dann inner circle feat Michel aka '3'.





Re: Inner circle feat. Dart circle

Wei eng mies stecker schaiss gin mir emmer punkten beim 'vote fir lenkert', hun well 7 steck, an daat as, fannen ech bessen iwwerdriww.

Ech machen dach alles fir ierch, fannen dass ech daat net verdengt hun dir IDIOTEN.

Un d'ADMINIS: huelt se weg, soss kennt eng plainte.





Re: Inner circle feat. Dart circle

Ween huet loscht fir en samsden ob keespelt ob den strosbuerger chreschtbaal kucken ze goen? Mellt ierch w.e.g. hei ob deser platz. Merci

An muer as den SAARBRECKENER BAAL AM ATELIER, an firdrun as Scott's mam snorri, grad sou wei haut dart mam snorri.

An weini kommen dei Koelner haut heem?