Stickman - Forum - Games

Most Wanted Games

 Most Wanted Games

En neit Thema nemmen iwert dei neisten Spiller, dei nach net eraus sin! An lass:

Need for Speed: Most Wanted

9en Deel vun der Serie ungekenecht


Et ass eraus! Dei beleiwten Rennspillserie kritt een weideren Nofolger. Need for Speed: Most Wanted, sou den Numm, ass no NfS Underground 2 den 9en Deel vun der Serie, an scheint all Problemer vum Fiergänger zeverbesseren. Wei sech et vill Leid gewenscht hun, kommen elo dei aus den 1en Deeler bekannten Verfolgungsjagden mat der Police nees am Spill fier. Außerdem kann een elo vun Moies bis Owes em all Daageszeit iwert Strecken rennen. Dei schon owieselnd Rennmodusen aus dem Fiergänger gin erweidert: Sou musst der elo "Mautgebür-Statiounen" offueren oder mat engem Geigner em dei schnellsten Radarkontroll-Foto rennen. Zesummen mat den aalen bekannten Modusen wei Outrun stin dann insgesamt 8 enerschiedlech Rennvarianten zur Auswahl. Need for Speed: Most Wanted soll niewt dem PC och fier d Xbox, (Xbox2), PlayStation 2, GameCube, Nintendo DS, Playstation Portable und den Gameboy Advance zeitgleich am November 2005 erauskommen!

 Most Wanted : SSX4

SSX4

EA Big huet elo bekannt gin, dass een neien Deel vun der erfolgreicher Snowboard "Simulatioun" eraus kennt. Des keier soll mei Wert op Speed geluecht gin änlech wei Burnout 3 (?) Ausserdem kann een och elo mat Skier fueren, an sein egenen Spiller kreeieren an designen!

Ech perseinlech freen mech schon mega drob, well den SSX Tricky an SSX3 hun ech vill an gaeren gespillt! Hofentlech dauert et net zelang bis et eraus kennt, mee soubaal ech mei wees soen ech bescheed.

Ajo SSX4 soll fier PS2, PSP, X-Box, Gamecube an NDS eraus kommen!



 X-Box 2 Premiere op MTV

X-Box 2 and MTV

Microsoft denkt un seng Fans an mecht et net wei all dei anner Hiersteller wann et drem geet eng nei Konsol fier ze stellen. Anplatz op enger Pressekonferenz weist Microsoft dei 1 Biller an Infoen live op MTV. Dei ganz Show get vum Elija Wood (Herr der Ringe, Frodo) modereiert, souwei villen special Guests.

D Sendung dauert eng halef Stonn an get an Amerika den 12en an 13en Mai ausgestrahlt. Den deitschen MTV weist d Sendung warscheinlech den 13 Mai um 19:00!

Ausserdem ass eng grouss Kampagne geplankt mat villen Reklammen op MTV an weltweiten Events!



 Most Wanted : X-Box 360

X-Box 320

Wei der warscheinlech gelies hut, get d "X-Box 2" an "X-Box 360" embenannt! Fier dei wou fannen dass dat scheiss klengt, muss ech soen, dass dat normalerweis op englech ausgeschwat get anzwar: "three sixtie"
An dat klengt besser wei "X-Box dreihonnert sechszeg"

An ausserdem ass se net mei schwarz mee elo weis! Dat erennert mech dach direkt un dem Lloyd seng PS4! (mist eigentlech nach emmer irgendwou hei am Forum ze fannnen sin!)

 Most Wanted : Sims 2 DS

The Sims 2 DS

EA huet elo bekannt gin, dass eng Versoun vum Sims 2 fier den DS soll eraus kommen! Et soll net mei am Styl sin wei dei Sims Spiller dei bis elo eraus komm sin, mee eister wei een "Adventure" (aus Sicht vun 1er Persoun anplatz iwert eng ganz Famill). Dat heecht, dass een sech eng Persoun erstellt, mat der een dann Sachen erliewt (an d Stadt goen, Haus bauen, Frenn sichen , Job, .... Mei genau Detailer sin am Moment nach net gewost an dierf een gespannt sin wei dat ganzt dann elo herno ofleeft!
Ausserdem ass den Touchscreen an den Mikro anscheinend perfekt am Spill integreiert, fier optimalen Spillspass. Zousetzlech sollen am Spill dann nach en puer Minispiller dobei sin, sou wei een Muliplayer deel, wou een geint erneen spillt, oder Objekter austauschen kann!







sims.bmp (332 kByte, 272 x 416 Pixel)
speichern

 Re: Most Wanted Games

Spore

Vun den Entweckler vun Sims2 kennt elo een neit Spill mat deem Numm Spore! Kennt der net? Ma da keinnt een Fehler sin!!! D Spill krutt den Preis "Best Game of E3 2005", an ech fannen net grad onverdengt! Vill Detailer sin zwar nach net bekannt, allerdengs dat wat bis elo bekannt ass, ass schon net schlecht.

Dir fänkt wei bei engem Strategie Spill an enger Freier Zeitepoch un, an kämpft iech dann weider bis hin an d Zukunft! Un sech naischt neies eben just, dass een hei net an der zb. Steenzeit unfänkt, mee ganz um Unfank vun der Evolutioun!!! Um Unfank huet een just 1 Zeller "Deieren" dei sech dann je no deem weider entweckelen wei een et well! An Den Spiller selwer leet fest wat et herno soll gin. Entweder menschen änlech Kreaturen, dei mat Waffen kämpfen, oder een Fesch mat been, den mat sengen Drei Kepp alles emmetzelt wat him iwert den Wee leeft! An et gin 1000en vun Kombinatiounen wat do entstoen kann!

Op der Seit vum Spill, ass een flotten Flash Movie deen dat ganzt witzeg nach eng keier durstellt:

https://spore.ea.com/

 

 





 Most Wanted: Mario Kart DS

Mario Kart DS

Ob der offizieler Seit vun Nintendo goufen elo Informatiounen iwert den Mario Kart DS bekannt gin.

Een vun den Highlighst vum Mario Kart DS dierft nierft dem online Modus, och 16 aal original Strecken sin.

Sou sollen dei 16 beleiwsten Mario Kart Strecken seit dem 1 Spill fier den Super Nintendo dobei sin. Just d Grafik vun legendären Strecken wei "Mario Circuit1", oder "Moo Moo Farm" gouf veränert an un d DS Grafik ungepasst. Natierlech kommen och 16 nei Strecken, dei nemmen fier den DS entworf goufen, awer all aalen Nintendo Fan wert sech iwert deen Nostalgie Bonus freen.









mariokart.bmp (294 kByte, 256 x 392 Pixel)
speichern

 NfS:Most Wanted Demo

Endlech ass et esou weit! Demo zu Need for Speed : Most Wanted fier den PC ass eraus komm. An ech muss soen d Spill hällt an wat et versprach huet. Mega geil Grafik mat Tonnen vun Effekter an schon baal ob xbox 360 niveau (gudden PC viraus gesat), spannend Rennen geint d Police, Edel karossen wei den neien Ford Mustang oder den Porsch Cayman an den typechen Need for Speed ass perfekt. Leid mat schnellem Internetzougang an engem starken Pc mussen onbedingt Demo eroflueden!!!

Gamershell: Nfs Demo