Stickman - Forum - Games

Nintendo DS

 Nintendo DS

Wat den Snoopy-Doopy kann, kann ech och! En Thread nemmen iwert den DS!

Ech fenken dann och emol un mat engem Link op eng Sait wou een Typ kleng Animatiounen weist dei hien mat Helef vum Pictochat gemach huet! (Pictochat ass den Chatprogramm vum DS mat deem een aner Leid kleng Biller oder texter kann schecken!)

Zur Technik: En huet einfach Bild fier Bild gemolt, an dann einfach herno erof gescrollt durch dei ganz Biller. Durch Vitesse beim scrollen entsteet dann eng Animatioun aus den eenzel Biller.

Kuckt einfach den Link:
https://nobullet.deviantart.com/



Re: Nintendo DS

jojo schon's erem eng belleg copy



Re: Nintendo DS

Haat geschter eng DS am Grapp fir ze probeieren Hahahahahhahahahahahahaha,ihihihihihihihihihihihihihihih,hohohohohohohohoh

waaaaat fir een Kannerkram hahahahahahahahahah

oh ech un meng Sait schons wei vum villen laachen hahahahahahahahahahahahahahaha



 Re: Nintendo DS

Maj oden DS schein der jo Spass ze maan wanns de dono esou gudd drob bass!

Mee wat fier een Spill hues du dann gespillt?
Hat nämlech d lescht keier mein DS hei am Büro leien, an jidereen wollt eng keier kucken oder probeieren! An jidereen huet en mega gudd fond!



Re: Nintendo DS

Eeieieieieiei ech hun meng Sait nach emmer wei...

hun ROBOTS gesplilt , et war awer net d'Spill waat mech do un d'laachen bruecht huert awer dei 2 'Displayen' wann een dat esou nennen diirf.

Den irwechten display ass nach e beschen lieserlech , awer den enneschten taktillen display as ennert aller S.u. Do ass jo den belleschsten Palm besser....jejejejejej



 Re: Nintendo DS

dat verstin ech zwar elo net!!! Vun wou has de deen DS dann hier? Hoffen jo net du hues am Auchan gespillt well deen geseit emmer mei grausam aus! An ech fannen dass den DS een genau sou gudden (wann net zuguer nach besserern) Bildschirm huet wei mein Palm. An dat ass een Sony Clie an dei hun dei besten Bildschirmer dei et iwerhapt fier een Palm get!

An ausserdem ass den Bildschirm ennen genau sou scharf wei uewen eben just ganz liicht mei donkel!

An d Spill vlait nächst keier een Spill wat den DS emol weingstens en bessen ausreitzt!!! Probeier emol Metroid Prime! Eng gudd Grafik an mega gudd steierung! Oder den Wario Ware:Touched! Dat Spill huet tonnen ideen, wat een alles mam Touchscreen an Mikro kann maan!



Re: Nintendo DS

deen nintendo ds bullischeissdreck as dach einfach nemmen dreck ... ween brauch sou een scheis? uuuuuuhhhhhhhhh do kann een mat dem internen micro virtuel "kerzen ausbloosen" ............. wow, wei behämmert !!!!

 Re: Nintendo DS

deen psp bullischeissdreck as dach einfach nemmen dreck ... ween brauch sou een scheis? uuuuuuhhhhhhhhh do kann een dei angebauten tasten drecken an sos naischt .............. wow, wei behämmert !!!!


wat erwart een vun engem mat esou engem Nick?!



Re: Nintendo DS

jo den psp as genau sou een dreck !! ween brauch sou een gameboy wei een ds oder psp ?? an ech drecken leiwer op tasten wei an een micro ze bloosen !!! daat as dach sou lächerlech ....
an waat sees de zu mengem nick? deen hun ech einfach aus blödsin geholl, an ausserdem as michel mat enger "3" geschriwen jo sou vill besser gell, as dach nach mei schiel ......

Re: Nintendo DS

bessen agressiv den jong
wuel en bessen zevill counterstrike oder sou gespillt