Stickman - Forum - Games

Nintendo

Re: Nintendo

dei sin emmer wonnerbar deng vorkaafszuelen deis de hei hinner schreiws !!

daat sin japsech vorkaafszuelen !!! daat bezit sech net op ganz welt !!! an wei gesot : all japs keeft alles wo nintendo dropsteet !!! ech wetten dohanner huet all mensch 25 gameboyen an all spezial edition vum gamecube, obwuel et emmer daat selwecht as !!! dreng leiwer europäech vorkaafszuelen .... mir lierwen schliesslech net bei den japsen !!!

 Re: Nintendo

Et get een ganz einfachen grond wiesou ech dei japanech Verkaafszuelen weisen: Dat sin dei eenzeg dei se wöchentlech eraus gin! d USA an Europa machen dat sou all puer Meind emol an dann oft nach all Hiersteller fier sech.

An ech gin der vlait Recht dass Xbox net gudd geet an Japan well dat net typech fier se ass, mee mengs de wirklech an Japan wier Nintendo sou vill besser ungesin wei Sony??? Ech mengen net.





Re: Nintendo

Also ech hett jo nie gegleewt dat ech hei jemols eppes waert schreiwewen,awer e College huert mech den Metten waerender Choucroutte gefroet wei daat echt Mario Spill heecht well sein Jong huert et verluer an hien wollt et iwer E-Bay kaafen.
An well den Mechel jo esou een groussen Nintendo Fan as wollt ech hei mol nofreon.
(fir den  Game Boy)




 Re: Nintendo

Naja dat ass schweier ze soen. Wat fier een Gamboy ass et genau ? (Gameboy / pocket / advance / sp) An dann ass et nach schweier ze soen well puer Marioen eraus komm sin fier den Gameboy. Dei beleiwsten Mario Spiller dei et momentan nach get sin Super Mario World: Super Mario Advance 2 an  Super Mario Advance 4: Super Mario Bros. 3

Awer wei gesot et gin einfach ze vill Versiounen, dass een elo einfach keinnt een konkreten Numm soen.





Re: Nintendo

Et ass fir den 'UR-Gameboy' den eischten Mario



 Re: Nintendo

Uih do get et awer schweier. Mengen dat misst dann den Super Mario Land sin. Mengen do ass awer och eng keier en 2en oder 3en Deel eraus komm. Mei wees ech leider och net, an dat och nemmen well ech an der Schoul eng keier een Exposé iwert d Geschicht vun Nintendo gemach hun

So dach einfach en soll sengem Jong een NDS kaafen, do wees ech weingstens wei d Spill heescht





Re: Nintendo

 
Du bass een klengen Witzbold, ech geif him eng PSP virschloen...




Re: Nintendo

jojo bei deenen plus minus 3000 mario spiller wees een nie genau wei se all heeschen

 Re: Nintendo

ALSO  et ass Super Mario Land, daat ass deen ganz ganz Normalen Mario an ech hun hei heem nogekuckt an deen spillt meng schwester och emmer ! falls du dein Arbechtskolleg jo mol froen kann wei d'Levelen ongefeier ausgesinn ! z.B. dass een Level wou Ufoen sinn an deem anneren stäng dei esou ronderem laafen an sprangen, dann get och nach een mat enegm unterseeboot an een wou mega vill spannen sinn. Majo wou's du et kriss hmmm wees ech och net esou richteg. Mee an der Librairie Française do hun sie oft ganz vill Occasiounen oder einfach den MARC froen oder unrufen.  An dann mecht hiern daat schon -> 

Re: Nintendo

Big thanks for the announcement! 🎮 Excited to check out the Stickman game. Also, don't forget to visit https://apkmyboy.com/ for a cool Gameboy Advance emulator. Happy gaming, everyone!