Stickman - Forum - Games

PSP an dann laaaang neischt mei.....

 Re: PSP an dann ...

Majo ech sin erem do an mei 1ten Kommentar muss natierlech hei eran kommen . Majo dann hudd dier elo tatsechlech dei vill ze deier PSP kaaf?! Mei herzlecht Beileed

Ech wees just dass ech mein DS net geinnt eng PSP antauschen geif egal wei gudd Grafik ass oder wei flott den Design ass! Mee mengen ech hun dat schon oft genug gesot  





 Re: PSP an dann ...

Also am fong fannen ech jo dass och wann verschidden leit net zefridden sinn mat der PSP, "Mich..." och d'PSP eng eierbar kategorie fir sech verdengt huet! oder een dei hei kategorie em nennen keint op einfach PSP oder esou !mee bon daat dozou 

OK dann hun ech nach een klengen link fondt wou een sech alt e puer Saachen eraus siichen kann! esou als zubehör fir d'PSP bestellen kann een zwar net direkt mee an den Geschäfter durno siichen! an wann ech eppes fannen dann soen ech NATIRLECH direkt bescheed ! maja


https://www.speedlink.de

an ech mengen nie schlecht ass et wann een sech d'Saachen op :

https://www.logitech.de

eng keier unkuckt ! kann een se suguer bestellen! an deen Harden etuie fir d'PSP ass am belegsten am Cactus ! 45 cent mei belleg ......... wei am SATURN.

ciao



Re: PSP an dann laaaang neischt mei.....

Hei ass een Link fir Wallpaper'en

www.kovyrecords.co.uk

an hei wollt ech den Lloyd mol froen ob een Linken fir d'PSP an en neien Thread soll setzen (nemme Linken an eng kleng Erklaerung)




Re: PSP an dann laaaang neischt mei.....

PSP 2.0 as GEHACKT  

Elo kann een zweschen der Versioun 1.5 an 2.0 wielen

Also keen problem mei fir Homebrew software oder Cop..n ze spillen.

naischt ass mei secher an deser Welt




 Re: PSP an dann ...

An passend zur News liest een op villen Intenetsiten:

Achtung:
Wir möchten allen PSP Besitzern ausdrücklich davon abraten inoffizielle "Updates" auszuführen. Bei diesem Prozess wird das interne Betriebssystem der PSP verändert, sodass unwiederbringliche Schäden entstehen können, welche nicht von der Garantie abgedeckt sind."

An dat kennt net vun Sony selwer mee vun Seiten wei playstationportable.de





Re: PSP an dann ...

[quote:mich3l]

An passend zur News liest een op villen Intenetsiten:

Achtung:
Wir möchten allen PSP Besitzern ausdrücklich davon abraten inoffizielle "Updates" auszuführen. Bei diesem Prozess wird das interne Betriebssystem der PSP verändert, sodass unwiederbringliche Schäden entstehen können, welche nicht von der Garantie abgedeckt sind."

An dat kennt net vun Sony selwer mee vun Seiten wei playstationportable.de






Also et muss en den Text och RICHTEG liesen..
Do steet daat se ALGEMENG vun IRGENTSWELCHEN Updates ofrooden and se KOENNEN (muss awer net) den BIOS crashen.

Also alles liesen an richteg interpreteiern




 Re: PSP an dann ...

Ech hun jo guer naischt iwert den Text gesot, ech hun just d Informatioun weidergin, dass d Meiglechkeet besteet seng PSP ze schrotten wann een ilegal "Updates" drob setzt.





Re: PSP an dann ...

bei engem bios kann een souwiesou net vll freckt maan ... wann et net sollt goen klaackt een daat aalt rem drop an basta ...

Re: PSP an dann ...



Sou einfach as et awer net , schon vill Lei hun hiert motherboard vum PC no engem  BIOS-Update an  Pubelle  geheit




 Re: PSP an dann ...

Do sin ech mol eng keier dem Snoopy senger Meenung .

Sou een Bios Problem muss net schlemm sin, mee mat en bessen Pech kann en der d Motherboard oder sos Hardware schrotten. Außerdem stellen ech mer een Bios Wiesel bei enger PSP mei schweier fier wei bei engem PC.