Stickman - Forum - Games

-> Games Tipp <-

 -> Games Tipp <-

Des Woch stellen ech Demo vun Colin mcRae Rally 4 fier. Et ass een super Rennspill, mat enger super Grafik (den Lack vum Auto) Duerch den Schuedensmodell mecht et richteg Spass, wann een vun der Streck flitt! Den Auto leisst sech erstaunlecherweis am beschten mat der Tastatur steieren! Bis elo huert et sech nach nie esou realistech ungefillt, wann mam Auto esou richteg Gas gin huet! D'Meschung zweschen Realismus und Action ass ganz gudd gelong! Fier een, den sech nemmen e bessen fier Rally oder sos een Rennsport interesseiert, an fier den 151.7mb Download net ze grouss ass, ass CmR 4 een absoluten must!!! Hei ass den Link zu der Demo: https://www.gamershell.com/download_5170.shtml





282109news.jpg (13 kByte, 181 x 138 Pixel)
speichern

 Re: Game tipp of the Week

an herr sas

Majo sassel an esou wait ech wees ass nach des woch naicht neits do! mee bass jo flait mei lues!

Majo ech fannen den sassel also michel keint mol eng iwert need for speed maachen an dann keinten mir eis autoen erop lueden dei en dann keint kuken goen !!!!!!daat waer et dach...

 Re: Game tipp of the Week

dat kennt next woch (oder simcity 4) !!! des woch kennt Wok Wm drun (sin schons am gang!)

 Re: Game tipp of the Week

TV Total WOK WM

Ech hun dest Spill getest, well Ech an den Zeitungen gelies hun, et waer net extra. Ech als TV Total Fan hun mier awer geduecht, dass dat Spill awer witzeg keint sin, an hun et getest. Wok Wm ass jo am realen, deck cool, an enerhaltsam! D'Spill get dat awer guer net eriwer!!! Sachen wei eng halbwegs normal Grafik/Animatiounen, eng Fuerphysik ala Mariokaart (fier den Super Nintendo) oder gudden Sound vermessen ech grad esou, wei d'original Strecken an Nimm vun den Fuerer!!! D'Spill huert bis ob den Numm praktesch naischt mat der Wok Wm ze din!!! Absolut senlos sin dei onlogesch an iwerflessech Power-ups, dei een wärend der Cours kann opsammelen. Mei wei eng keier geschitt et engem och, dass een komplet den Speed verleiert, an net mei genug schwong huet fier an d'ziel ze kommenDen eenzechen Lichtbleck, sin dei halbwegs an awer sech emmer widerhuelent Sprech vum original Spriecher vun den TV Total Reportagen (Rock around the WOK, Ich bin ein WOKianer) ! Mais no 2 Coursen huert een se all heieren, an och daar get langweileg. Dat Spill ass emol net fier een groussen TV Total Fan interessant.

Spillt leiwer Wintergames op www.sport.de , zuguer dat ass enerhaltsamer !

Ech gin 1 vun 5 punkten

*----

Preis; €19,99

Systemanforderungen.
windows 98/Me/XP/2000, 300 MHz, 64MB Arbeitspeicher
ca. 125 MB Festpalttenplatz
Grafikkarten OpenGL 1.2 kompatibel mit mindestens 16 MB,
DirectX 9.0, Soundkarte





pcgame.gif (22 kByte, 225 x 290 Pixel)
speichern

 Re: Game tipp of the Week

Des Woch kreien ech erem Zeit fier enn GameTipp ze schreiwen, allerdings wess ech nach net zu welchem Spill!

Zur Auswierl stinn:
-Need for Speed Underground
-Sim City 4
-Battlefield Vietnam

Dat sin dei Spiller, wou ech eppes am Moment kann driwer Berichten!

 Re: Game tipp of the Week

Herr Sassel

Ahh sou den haerr kann also berichtn!!!!!!! mee en ass dach guer nemei am land oder huet en neier dengs een läptop majo mengen net also mussen mir jo nach eng woch op dain GAME TIPP warden...

An ech waer fir need for speed.

Re: Game tipp of the Week

Also. Ech hat dei lescht 3 wochen keng "zeit" fier een Gamestipp ze machen. Dofier hei een klengen REVIEW vun gudden Spiller, dei dowert sin:

Splintercell Pandora Tomorrow

Den 2en Deel vun engem exellentem Spill. Ech kount leider bis elo just d'Demo testen, mai och dei huert et an sech! Ausser en etlechen Neierungen, ass virun allem den neien Multiplayer ze erweenen! Der Sendung GIGA GAMES no, ass dat een mega Spass! Ech schreiwen eng keier mei, souballl ech d'Vollversioun hun !!!

Also Demo kritt vun mier 5 Steren!

Demo:
https://www.gamershell.com/download_5359.shtml

Multiplayer Demo:
https://www.gamershell.com/download_5435.shtml

SSX3

Den 3 deel vun der Serie (eng extrem abgefahren Snowbord, Origie) ass eraus, an vill Leit dei den SSX Tricky (Auchan 9€) gespillt hun, froen sech, op den 3en Deel och esou gudd ass. Wei den Numm schons seet, ass den tricky verschwonn, wat sech och am Spill mierkbar mecht. Dei absolut krank Sprungschanzen sin verschwonn, an et fellt een och mei oft. Allerdings ass d'Grafik vill mei voll mat Detailer, an och d'Animationen sin VILL besser gin! Et get am Spill och elo een Radio, wou een Kommentarer, an Original Lidder (Placebo,...) heiert. Et gin och e puer nei Spill Moduser (Freeride, Halfpipe,....), mais Schlussendlech ass et awer nemmen Rennen oder Freestyle. Et gin och mei Strecken ( 3 Bierger an +/- 5 strecken pro bierg)

Insgesamt ass alles mei realistech gin an mei "stylech" (besser)!
Fier dei, dei SSX triocky gudd fondt hun ass den 3 een bleck waert, all dei anner dei sech net secher sin:kaaft den SSX tricky!!!!!
SSX 3 kritt 3 sterer vun mier, keint der awer 4 krein!!! (sin nach net duerch!)

Et get natierlech keng Demo well ech d'Spill fier den Gamecube hun, et et SSX3 net fier den PC get.

DTM Race Driver 2

Heio emol een klengen preview zu DTM Race Driver 2. Bis elo ass nemlech just d'Demo eraus, an doweinst muss ech e bessen op https://gamesweb.com zereck greifen.

Schons op deen eischten Bleck, mierkt een, dass den 2en Deek VILL besser ass, wei den net genialen 1en Deel. An wann een bis erreicht sein 1 Renne gefuer ass, mierkt een dass dat d'Spill zuguer potenzial huert den Colin Mcrae Rally 4 vum Troun ze stoussen. Et ass alles vun A-Z verbessert gin, at et ass vill mei spassech ze fueren. Dei genau ennerscheeder sin hei elo opgelescht:
 
DTM Race Driver/ DTM Race Driver 2
Windschatten :Nein / Ja, möglich
Totalschäden :Nein / Ja, möglich
Unterschiedliche KI-Typen :Nein / Ja, vier Varianten
Schäden mit Performance-Auswirkungen :Nein / Ja
Motorsport-Varianten :Tourenwagen, Classics / 13 inkl. Rallye und Formel-Rennwagen
Eigener DTM-Modus: Nein / Ja
Environment Mapping: Nein / Ja
Maximale Fahrzeugzahl: 20 / 21
Zwischensequenzen: Ingame / Rendergrafik
Kameraperspektiven: 3 / 4
Spritverbrauch: Nein / Ja
Schadensanzeige: Nein / Ja, vier Stufen.

Hei nach mei features:
· 35 Fahrzeuge
· 56 Strecken
· 13 Motorsport-Varianten
· 30 Rennserien
· LAN/Internet-Modus

Demo:
https://gamesweb.com/pc/downloads/demos/detail.php?item_id=41235

Multiplayer Demo:
https://gamesweb.com/pc/downloads/demos/detail.php?item_id=41516





mixit.jpg (22 kByte, 300 x 180 Pixel)
speichern

 Re: Game tipp of the Week

Splinter Cell Pandora Tomorrow: Multiplayer-Test

Den zimlech gudden Singleplayer vun Splinter Cell hun ech jo schons d'lescht Woch getest, mais elo ass den grandiosen Multiplayer drun. Um Unfank wierkt alles komplex an onbeherschbar, mais schons no enger Partie huert een den Iwerbleck.

D'Spill teschent den Spies (Spion) an den Söldnern mecht richteg Spass, well dei 2 sech komplett aneschters spillen. Den Spie huert Nachtsichtgerät, Kameras, an deck cool Special-Moves drop, woubei een den Söldner aus der Ego-Perspektiv spillt, an un sech just eng Waff, eng Täschenluut, an Minen huert.

Un sech geed et dorem fier dass den Spion eng fiergeschriwen Unzuerl vun "Denger" muss deaktiveieren. den Söldenr muss eben genau dat verhenneren. Spill kann een maximal zu 4 spillen, mais och 1 on 1 mecht et schons richteg Spass, weinst den einfachen Karten, an dem guddem Spillprinzip, well et leeft een deem anerem ständeg iwert den Wee, an den Puls klemmt richteg, wann een als Spion ob eemol eng Täschenluut virun sech erbleckt. D'Spill ass och fier Unfänger vun Action-Spiller interessant, well een schnell dobei leiert, an et nie onmeiglech wierkt. An d' Grafik geseit einfach mega aus!!!

Also fier all dei, dei een gudd Spill fier kurz Matcher zu 2 sicht, ass dat Spill hei een Muss!!!!

Vun mier kritt MP Demo 4,5 punkten (vun 5)

Muliplayer demo:
https://www.gamershell.com/download_5435.shtml

 Re: Game tipp of the Week

Ech wollt bekannt gin, dass Splinter Cell: Pandora Tomorrow vun mier deen 1 Stickman-Star (numm ass nach det defintitv) kritt!

Des Auszechnung ass nemmen fier exellent Spiller, Filmer oder ähnlech sachen geduercht!



Splinter Cell : Pandora Tomorrow

fier exellenten Mulitplayer Spass


 Re: Game tipp of the Week

Joint Operations Da neisten Spill vun Novalogic (Delta Force, Comanche ) ass een Action Spill, wat sech stark un Battlefield unleed! Et erfend naicht neies allerdengs brengt et mega vill Spass an et mecht deen Styl vun Spill och interessant fier Unfenger! D'Grafik ass zimlech gudd an beandrogt durch dei grouss Weitsiicht an dei vill Shader effekter wei Wasser dat alles spiegelt oder Wasser an Steps deen opgewirbelt get wann een Helikopter driwer flit! Steierung vun den Jeepen,Autoen,Helikopterten,an Booten huert een schnell geleiert an den Spass kann unfenken! Kaarten op deenen gespillt get sin zimlechgrouss mee dat mussen se och wann een gaeren zu 150 Leit spillt! Natirlech huert dat spill och en singleplayer, awer KI vun den Computergeischner ass zwar gudd, mee net gudd genuch fir dat spill voll auszenotzen! Awer och schon zu 2 ( z.b. iwer LAN mat Boten) mecht et mega Spass wann deen een z.b. den helikopter steiert an deen anneren um helikopter hengt an mam Snipergewier d'Basis eidel scheist! Et kann een am Spill zu guer sein Ausgesin esou designen wei een well an et gin och verschidden Klassen am Spill (Gunner, Rifleman, Sniper, Medic, Ingineer) dei aleguerten anner Waffen an special Feechkeeten hun ! An dann kann een och schon iwer Internet oder LAN lass leen an Spass hun! Ech hun zwar bis elo just Demo gespillt, awer och dei huert alles wat een brauch, fir d Spill kennen ze leieren! Fir dei wou Battlefield zwar interessant fond hun, et awer ze schweier war ass dat heiten Perfekt! Awer och besser Spiller hun hier freed un deem Spill Vun mir eng absolut Kaafempfehlung! Demo: Demo download





jo.jpg (67 kByte, 320 x 240 Pixel)
speichern