Paper Mario Den neien Paper Mario fier den Gamecube, ass eraus, an ech hun mer en emol (just fier iech) ungekuckt! Paper Mario ass een klassecht Rollenspill, allerdings gesin all d Figuren aus wei wann se aus Papeier wären! Den Recht ass alles 3D, an durch dei kombinatioun kommen interessant Sachen eraus, an un vill Meiglechkeeten fier een Problem ze leisen denkt een um unfank net, well een et bis elo eben nach nie gesin huet! Natierlech ass d Grafik dodurch net grad Super, mee et steiert awer net! Am Spill selwer leeft een durch onkomplizeiert Levelen, an wann et op een Geigener trefft, kennt een op eng Bühn, wou een dann ronnen baseiert geint en een kämpft! Klengt langweileg, ass et awer net! Wann een z.b. mat engem Hummer ungreift, muss een den analog Stick deen richtegen Moment lasslossen, fier ze sprangen muss een Punktgenau den A drecken ,u.s.w. Durch des Spillereien get den Kampf net zu engem dreschenem langweilegen attacken auswielen, mee et muss een dauernt op Zack sin! An vill Attacken, an anner Team Spiller, brengen zuguer ofwieslung! Well an all Kampf kann een 1 Partner eraus sichen deen dann mat engem kämpft an deen dann emmer Speziel Tricker drop huet! An wann een Stierwt ass och net schlem et muss een eben just beim leschten Speicherpunkt erem unfenken, mee keng Angst der sin der emmer genug, an ob der richteger Platz ze fannen! An heiansdo steist een zuguer op typech Jump n' Run Situatiounen! D Geschicht vum Spill ass alt eben erem typech Mario! Et muss een d Welt retten, en Schatz fannnen, Insignien an Juwelen-Sterne sammelen, an alt erem eng keier Prinzessin Peach retten! Dei ass awer des keier weingstens emol eng keier net vum Bowser gekipnapt gin! Ech hun d Spill elo kanpp iwer 10 Stonnen gespillt, an hun schon 3 vun 7 Steren fondt! Langweileg get et trotz Textpassagen net, well dei oft witzeg sin an mat typech Nintendo Sachen en bessen den Witz machen. Ween Story net ofschreckt, an och keen problem mat angem Rollenspill huet soll absolut zougreifen, imerhin get Spill och sos iwerall heich gelueft an get zum besten Rollenspill vier den NGC ernannt!!! ech gin 9.1 Punkten vun 10 Wann nach een Froen zum Spill huet kann en mech dei jo hei froen.
Nintendo mecht et sech einfach an kopeiert dat Erfolgreichsten Mario Spill einfach. Mat verbesserter Grafik, Virtual Surround Sound, Inovativer Steierung mam Touchscreen, Muliplayer, nei Levelen an d Meiglechkeet mat 4 verschidden Charakteren ze spillen, mecht d Spill awer och absolut interessant fier all dei, wou d Spill schon um N64 gespillt hun. d Spill Motiveiert laang, allerdengs och net genug, fier wirklech all eentzelnen Ster sichen ze goen. Mee dofier kann een sech dann mat den wirklech flotten Minispiller amüseiern
Wertung:
Steierung: Entweder per Touchscreen oder Steierkreitz. Grafik: Flott Animatiounen asw, just heiansdo en bessen Pixeleg. Sound: Deen besten Sound deen et Momentan op engem Handheld get. Spillspaß: War an ass nach emmer deen besten Mariodeel. Minispiller machen et Perfekt.
Innovatioun: Touchscreen: Get fier ze Bewegen benotzt. Fier kleng Hänn ze schweier. Double Screen: Uewen 3D an dat eigentlech Spill, ennen nemmen eng Kaart an Menüer Mikro: Nix
Muliplayer: 1 DS-Spill geet duer fier bis zu 4 Leid. Steren sammelen an Klauen op 4 Kaarten
Total : 9/10
NGT: Wario Ware Touched
Wario Ware: Touched
D Wario ass och schon een Klassiker, allerdengs gin et mam DS komplett nei Meiglechkeeten. Während een bis elo nemmen kount mat Steierkreiz an engem Button spillen, kann een um DS alles meigleches unstellen. Dreien, kratzen, drecken, zeien, molen, blosen, zielen,... Allerdengs gouf Sound an Grafech mässeg zur GBA Versioun neischt verbessert. Mee dat ass eben den Stil vun Wario (ass um Gamecube och esou), an ausserdem, get et keen anert Spill, wat besser weist wat alles mam DS meiglech ass.
Wertung:
Steierung: Alles komplett iwert den Touchscreen. 100 Meiglechkeetn. Perfekt. Grafik: Gudd all 2D Grafik. Sound: Neischt extraes mee passt awer. Spillspaß: 180 mega witzeg Minigames. Wat well een mei fier Zwechendurch.
Innovatioun: Touchscreen: d Komplett Spill get driwer gesteiert. Besser geht et net. Double Screen: Vill Spiller laafen iwert dei 2 Bildschirmer. Mikro: Bei verschidden Spiller muss een dran blosen. Erkennt erstaunlech gut wei stark een bleist.
Muliplayer: Leider, leider keen Muliplayer. Hei hätten se nach unbedingt eppes misten maachen!
Total : 8/10
NGT: Polarium
Polarium
Zu desem Spill get et net vill ze soen. Et muss een mam Touchscreen an engem Steck all Felder an dei selwecht Farw emwandelen. Muss een gesin hun fier den Prinzip ze verstoen. Ausser den 2 Modusen "Aufgabe" (Tetrisklon) , "Taktik" (Rätsel leisen) den Editor an een hektechen awer witzegen Muliplayer bit d Spill net. Awer muss et och net well, d Rätsel genug amüseieren an außerdem kascht Spill nemen 29€ woudurch et awer interessant fier een kann sin, deen gären Knobel Spiller ala Tetris huet.
Wertung:
Steierung: Alles komplett mam Touchscreen. Grafik: Ganz einfach 2D Grafik, awer passt bei d Spill. Bessen langweileg. Sound: Wei d Grafik. Spillspaß: Wann een Tetris Spiller gären huet, kann no deem heiten Spill süchteg gin.
Innovatioun: Touchscreen: Net wirklech Inovativ, mee durch den Touchscreen mei einfach. Double Screen: Ennen huet een d Rätsel, uewen geseit een Tips, an deen leschten Versuch. Mikro: Nix
Muliplayer: 1 DS-Spill fier 2 Spiller, Am Tetris Stil bei deem een den DS em 90° dreint fier ze spillen.
Total : 7/10
NGT: NfS:U DS
Need for Speed: Underground DS
Ech mengen ech muss kengem mei erklären wat NfS ass. d DS Versioun ass vum Prinzip net anechters wei d Spill op den aneren Konsolen. D Steierung ass mam Steierkreiz gudd gelong wann och um Unfank en bessen gewöhnungs Bedürftech. Allerdengs ass d Spill sau schweier, an schon um Unfank muss een hart kämpfen. Ab der mett vum Spill daerf een sech dann praktech keng Fehler mei erlaaben, woudurch den Spillspass dann och zimlech drenner Leid. Et geseit een den Geigenverkeier einfach ze speit. Mee dofier ass et emsou schein wann een gewennt. D Minispiller dei dobei sin, sin leider och genau sou schweier wei d Rennen, an fier een deen Mario oder Wario huet oninteressant.
Wertung:
Steierung: Gudd gelong per Steierkreiz. Grafik: Dei besten dei et um DS momentan ze gesin get. Konstant 60 Frames! Sound: Klengt gudd, kennt awer net un Mario erun. Spillspaß: Tuning an Rennen machen Spass, leider deelweils vill ze schweier.
Innovatioun: Touchscreen: An den Menüer an fier den NOS ze starten. Double Screen: Uewen d Rennen, Ennen eng Kaart , d Zwechenzeiten, d Ranglescht, an eng NOS Unzeig. Mikro: Nix
Muliplayer: 1 DS-Spill pro Spiller, bis zu 4 Leid. Rennen (net getest)
Total : 5/10
NGT: Bomberman DS
Bomberman DS
Bomberman ass och schon een richtegen Klassiker. Kleng Mänecher kämpfen mat Bomen an enger Arena geint erneen bis nemmen nach 1 do ass. Sou war dat bis elo. Bei der neister Versioun gin et op verschidden Kaarten 30 (!!!) verschidden Moduser. Nierft deem klassechen Prinzip, get et nach een Kampf wien als 1en bei der Kroun ass, oder et geet Drem mat Bomen Gebieter anzehuelen. Vun den 3 Grond Modusen gin et etlech verschidden Versiounen, dei all hieren Reitz hun. Den Singleplayer ass witzeg mee aleng keen Kaaf grond. Mee soubaal een zu 2 kann een sech gehierlos amüseieren. Zumols well een dourch den Doublescreen grouss Arenaen huet an bis zu 8 Leid glecihzeiteg Spillen. Aktion pur!
Wertung:
Steierung: Per Steierkreiz, Tasten, Touchscreen, Mikro. Alles eben Grafik: Typech Bomberman Grafik, dei awer gudd gelongen ass. Sound: Sou wei et bei d Spill passt. Spillspaß: Vill verschiden Modusen an eng gudd KI machen enorm vill Spass.
Innovatioun: Touchscreen: Menüer sin enorm einfach ze steieren. Am Spill selwer eister selten am Gebrauch. Double Screen: Dei ganz Arena zit sech iwer dei 2 Bildschirmer mat Tunnelen teschent den Bildschirmer. Perfekt. Mikro: Extra Bomen leen an aktiveiern, sou wei verschiden Aktiounen.
Muliplayer: 1 DS-Spill, fier bis zu 8 Spiller (!!!). Den glanz Punkt vum Spill. Dat besten wat et Momentan fier den DS get. 30 Modusen.