Stickman - Forum - Games

PS3

 Re: PS3

Ech well jo hei wirklech keen Konsolen Kampf wei bei der PSP an dem DS starten. Ech fannen all nextgen Konsol huet seng Fierdeeler an Nodeeler an ech well keng hei schlecht machen oder sou (also net opregen Lloyd)

Et ass just eng News!!!



 Re: PS3

peace Bro.

Ey fuck it, dann mech en hei op Scheinhelleg... neischt iwert den Wii gepost wel deen um ofkacken ass. An elo huet den Herr sech fir d'Xbox desideiert -> ratz fatz kommen elo nemmen Pro fir d'Xbox du richs dach no kaka. Do ass e bessen laurent dran gel deen huet och den drang daat beschten ze hun. Och wann annerleit hier Saachen eng ganz aaner Class hun .

Du bass mir een Mellen. Caramba do rober get den freiden een Gedronk! ciao bis dan...

(ahh elo geet et mer bessen besser)


 Re: PS3



Awer secher dat! Ech wosst jo dass dat doten geif kommen. Dobei wollt ech dei News just schreiwen, well ech d lescht keier mat engem driwer riets hat, an deen mer dat net gleewen wollt. An elo wollt ech meng Glaubwürdegkeet beweisen.

An ps.: den Wii ass iwerhapt net um Ofkacken

Re: PS3

AAAAHHHHHHH !!

Selten sou gelaacht, daat gett et dach net   

Mee Xbox hin oder hier, haat och mol eng Keier sou een Apparat. Naischt geint d'Spiller, et war wirklech cool!

Ongefeier fir eng Woch

Well et stoum een matt der aaler XBox zimlech alleng do, keen haat se, keen konnt engem eppes iwwer d'Spiller soen, an keen huet dei komesch Spiller kannt die dofir rauskomm sin.

Mee dei nei Xbox ass jo schon besser. Schued just datt se een Exklusivtitel nom aaneren verleiert.

Em jiddefall sin ech gespaant waat den ennerscheed zweschen der 360 an der PS3 Versioun ass. Et ass jo nach e Strapp

Iwwregens gouf iwwert eng Preissenkung vun der PS3 geschwaat, daat dierft an deenen nächsten Wochen iwwert d'Bühn goen.

An am Moment leeft se op 20% vun hierer Gesamtleeschtung

Do kommen nach leschteg Zeiten op eis dur: Ech soen just The Agency




____________________

Re: PS3

PS3 as top.

Wollt och eppes ze deem beitrag schreiwen. 





 Re: PS3

Also ech fannen dass all nextgen Konsol top ass. Den Wii ass dei besten Party-Konsol, an xbox360 an PS3 sin een perseinlechen Choix. Ech perseinlech fannnen, dass d xbox360 genau dat selwecht bidd wei d PS3 just en gudd Steck mei beleg an ausgreift. An dat, dass se mei beleg soll gin erwarden ech freistens fier Kreschtdaag!
An dass d xbox Exklusiv Titel verleiert stemmt net. Et kommen der emmer mei bei dei d Playstation verleiert! Wien mer net gleeft kuckt sech desen Link un.

An Grafech sin dei 2 op engem Niveau. Och hei een Link als Beweis.
Dat Leid drun, dass all Spiller fier d eicht op der xbox programmeiert gin, an dann fier PC an PS3 just ungepasst gin. Oft ruckelen Spiller doweinst op der PS3 och (Fluch der Karibik)

Re: PS3

Hun hei en flotten Thread fonnt wou Leit hir Erfahrungen matt enger 360 gemaach hun an trotzdem no kuerzer Zeit bei d'PS3 gewieselt sin:

xBox 360 Spiller sprangen iwwer op d'PS3 !!

Also, daat matt deem grafeschen Beweis ass dach... du richs dach no kaka!!

Ass jo normal wann dei eng Konsol just 20 % gett, d'360 awer schon um Enn ass.

An soubaal reng Sony Spiller op den Maart kommen ass daat Geruckels och riwwer. Et ruckelt och net bei jidderengem.

An noch eppes: Den Mediacenter vun der Ps3 ass am HD bereich net ze toppen.

BLU RAY ROCKZ




____________________

Re: PS3

Hei eng kuerz Zesummenfaassung aus deem Beitrag fidrun: (et sin just Erfahrungen vun xBox Spiller dei d'Konsol verkaaf hun)

Bei der xBox ass et sou datt se souvill Kameidi mecht datt een mengt et geiff en Helikopter an der Stuff landen. Een huet zeguer geschriwwen en hätt seng xBox an de Schaf gespaart datt en se net mei heiert. Reicht dun huet se ugefaang Spaass ze maan.

Bei der PS3 ass alles HD, bei der xBox muss een daat extra beikaafen, do klemmt de Preis dann. Allerdengs ass se weit vum Preis vun der Ps3 eweg.

Dofir sin d'Upates bei der Ps3 all Gratis, bei der xBox net (Microsoft, also normal)

D'Ps3 huet vill mei Zousaatzfeatures, d'xBox ass eng reng Spillkonsol. Matt Yellow Dog Linux mecht een aus senger Ps3 een vollwärtegen PC

Den Anti Aliasing gett et bei der xBox an bei der Ps3, just ass d'360 vill mei liicht ze programmeieren dofir ruckelt et do net. Bei der Ps3 muss den AA op en Chip geschriwwen gin, daat kascht vill Zeit an ass obwendeg, dofir lossen d'Programmeier daat am Moment bei den Spiller sin. Wei gesot wann mei speit mei Titelen erauskommen vun Sony dann laafen dei Tip Top.

An daat matt den Exklusivtitelen: xBox brengt vill Spiller eraus dei net op der Ps3 erschengen waerten. Mee ween well schon onbedengt Banjo an Kazookie 3 spillen, an nach lauter sou blöd Spiller dei keen interesseieren? Spillauswahl zweschen deen beiden Konsolen waert op engem Niveau bleiwen, opschon een en Final Fantasy (Meescht verkaaften Spill ever) ni op enger xBox waert gesinn.

Den Krisch teschend xBox an Ps3 ass nach laang net riwwer   

Mich ech warden op Geigenargumenter, ech gin lo an d'Vakanz, dann hues de 1 Woch Zeit fir hei eppes ze präsenteieren

Ausserdeem ass den Design, fir vill Leit ganz wichteg, vun der Ps3 gaaaanz weit firun der 360!




____________________

 Re: PS3

Zu den Spiller: Ech mengen do muss een einfach fier sech entscheeden wat een leiwer huet. Mech interesseiert Banjo genau sou weineg wei Final Fantasy. Dei Top Spiller kommen souwiesou fier dei 2 eraus. An während d Leid op der PS3 GranTurismo spillen, spillen dei op der xbox360 eben Forza2, wat opmanst genau sou gudd an emfangreich ass. 300 absolut realistech Autoen dei een ALL kann individuell optech an teschnech tunen, an zuguer selwer designen. An och wann den online modus bei der xbox360 kascht, en ass einfach vill besser. Dat seet all Zeitschreft dei sech bis elo domader auserneen gesat huet. An Sony huet schon durchblecken gelos, dass hieren PSN net fier emmer wärt gratis bleiwen. Also Online muss Sony nach een decken Batzen noleen, dat gin se zuguer selwer zou (Interview op gametrailers.com).

An ech gesin net an fier een blueray player ze bezuelen deen een souwiesou net brauch.

Souweit dat emol. Mee ech kann nach vill aner Sachen brengen.

 Re: PS3

Grad am Internet gelies:

Der Release des neuesten GTA-Sprösslings im Oktober 2007 für die Konsolen Xbox 360 und PlayStation 3 ist passé: Wie Publisher Take 2 nun anlässlich der neuesten Geschäftsergebnisse bekannt gab, wird GTA 4
nun erst im zweiten Quartal des Finanzjahrs 2008 erscheinen. Somit wird
Protagonist Niko Bellic erst im Frühling, irgendwann zwischen Februar
und April des kommenden Jahres, in die Regale der Händler einwandern.

Re: PS3

Aaaaaaahhh waat en f***

 




____________________

 Re: PS3

Dir sidd dach Optimisten. eierlech fir ze gleewen dass daat nach mat Zeit eraus kennt. Waat mech erstaunt dass deen mei belegen PACK PS3 esou schnell eraus komm ass. mee bon

Et ass net emmer nemmen SONY (mee baal emmer )