Stickman - Forum - Online Fundgrube

Online Fundgrube

 Re: Online Fundgrube

Wei den Lloyd ennerwerft sech engem, an hällt op mat schreiwen wann een et zu him seet! Ech sin erschüttert!!!

Mee dei Sait ltam.tk ass wirklech mega, mega arm! Mee et ass awer schein zegesin dass d Angie et endelch och ferdeg brengt selwer eng HP ze machen! An den Franci huet bestemmt beim html code geholef!!! An elo denkt een sech dei Sait gouf an den Unfanks Zeiten vum Internet gemach, mee dat ass net den Fall!!! Liest emol den Datum iwert der 1er "News". Do steet 20.12.2004.
Ech gin elo en bessen kreischen!


edit:

hun grad am source code vun der Sait fondt wiern dofier schelleg ass! An zwar T0IF3 INFO!!! Sou domm an schreifen hieren numm an den HTML Code!





 Re: Online Fundgrube

Een wirklech coolen Video vun dem warscheinleich längsten Skateboard Jump ouni helefsmettel (ausser natierlech enger Ramb)

https://www.dannyway.com/_videos/worldrecord_line.mov

An nach een Video vun engem MEGA Crash bei engem Autorennen! An kengem ass eppes serieues geschidd! (den Fuerer klemmt nach selwer aus dem Auto!!! (An net direkt weg klicken nodems deen 1en Auto sech dreint an and Mauer rennt )

https://www.big-boys.com/articles/japancrash.html



 Re: Online Fundgrube

4 women

Ech hun hei eng sait fondt dei bestemmt verschidden leit interesseiert !
Dei eng flait eier well se nach nie esou eppes gesinn hun ? Dei anner well se der frendin et keinten schencken oder kaafen ! oder nach dei aner dei et selwer interesseiert ... mengen natiirlech nemmen dei weiblech lieserinnen.
Mei ass och dozou net ze soen just dat dei sait am allgemengen zimmlech gudd gemaach ass an och verschidden zimmlech cool flash animatiounen drenner sinn. Majo dann gidd emol schnell kucken :

https://www.agentprovocateur.com/


aiaiai an dann kennt der eis jo schon emol schreiwen wei der d'sait fondt hutt.

 Re: Online Fundgrube

Tuuuuuuuuuuuuuuuuuuuuuuuuuuuuuuuning
Man Real Tuning ...

Hei ass alt erem eng sait dei guer net esou sclecht ass! dozou ass alerdengs ze soen dass se nemmen ze rekomandeieren ass. Wann een DSL huet ! Wel bei mir doheem mat ISDN uet et eng Halef eiwegkeet gedauert bis ech mer dei preziös stecker unkucken konnt ... Also sait ass cool gemaach mee daat waat der drop fandt ass awer och guer net schlecht an wei geiff den michel soen ! ech kommen awer weiderhinn madt dem SMART an d'schoul deen do huelen ech just fier bei d'frendin an fir soss emol bis schnell ankaafen ze goen !


Majo dann gidd emol schein dohinner kucken hei ass d'adresse:

https://www.dubmagazine.com/


an een bild maachen ierch och nach drenner fier dass der west waat ierch erwaart !

uhhhhhhhh yeahhhhhhhhhhhh

An wann der ierch dei zeitung bestellt !!!!! do sinn emmer dei neisten autoen vun den stars dran... gidd kucken!





DUB_02_1024.jpg (121 kByte, 1.024 x 768 Pixel)
Anzeige optimiert für beste Darstellung.
Großansicht - speichern

 Re: Online Fundgrube

Ech krutt grad den Link zu enger genialer Homepage gescheckt!

https://www.redbullcreativitycontest.be/ 

Et ass eng komplett nei an bis elo eenzeg arteg Meiglechkeet, sech durch een Site ze navigeieren!

PS. Sicht den Plang fier d Maschine zesummen zebauen, an macht dat dann och alles!





 QRIO

Sony huet erem een neien Roboter presenteiert deen genau wei demols den Hond,geduecht ass fier Doheem anzesetzen.

Allerdengs hun se enorm schretter no fier gemach, an mettlerweil huet en een perfekt Gleichgewicht, an extrem flesseg Bewegungen! An kann sech praktech genau sou bewegen wei een mensch, an kann zuguer Kraft an Schnellechkeet sou ansetzen, dass en engem zuguer een Ball passen kann!

Allerdengs, wann ech dat hei nach esou schein erklären (  ) ass wirklech interessant sech emol d Videoen unkucken ze goen:

QRIO MOVIES





Re: Online Fundgrube

Fi all dei , dei sech fir Fotographie interesseieren :

www.photon.lu     

ass awer net alles Gudd ( fannen verschiddener zimmlech schlecht )




 Re: Online Fundgrube

Un sech geht jo jidereen dovunner aus, dass den Aggregatzoustand vun "Glas" "fest" ass?! Mengen net dass een einfach esou mengt, dass Glas eng Flessegkeet oder en Gas ass?

Mee den Aggregatzoustand vun Glas ass effektiv flesseg!!! Jo genau! Allerdings ass et eng Flessegkeet, dei nemmen gaaaaaaanz lues verleeft, an dodurch fällt et net op! Als bsp. Mosbar Veränerungen vun der Form vum Glas kennen erreicht no 50-100 Joer nogewisen gin! Anscheinend soll een dat awer schon mam bloussen Aan un ganz aalen Fensteren gesin (an Kirschen zb.) wou d Glas ennen mei deck ass wei uewen! Also wann een theoretech lauter kleng Glasstecker geif puer honnert Joer leien lossen wären et op eng keier Drebsen! An dat mam zerbriechen ass esou wei zb. bei mei festem Pudding, deen och an "scharf" Kanten zerbrecht!

Amazing!





Re: Online Fundgrube



Glewen ech net , glewen ech net ...... brauche Beweiser !!!!




 Re: Online Fundgrube

Hues de net genug Zeit fier dat ze beobachten?

Also ech muss och soen, dass dat ganzt zimlech weit geet, zumols well dat ganzt zuguer haut nach ennert Forscher geren diskuteiert get! Mee offiziel ass  Glas eng Flessegkeet!

quelle: wikipedia.de

edit: den haaptgrond wiesou Glas net als Festen Geigenstand unerkannt ass, leid dorun, dass d Glas keen struktureiert Kristallgitter huet, wat eng Viraussetzung fier fest Stoffer ass!