Stickman - Forum - Other Tipps

PALM - pocket pc

 PALM - pocket pc

PALM - pocket

Ech hun mer geduecht dat flait deen een oder aneren sech een pcket -pc weilt unleeen oder schon een huet! dofir hun ech mer geduecht dat een op deser plaatz emol dei saachen keint posten dei anerer iwert esou saachen keinten interesseieren .

Wei z.B. dass et een mega gailt spill get vir egal wei een model dir hut op daat een pda ass een handheld,smartphone oder desktop system ...
Dest spill kritt der fir alleguer dei opgezielten beispiller ... an wann mer den mich3l fein froen dann mecht hien eis jo och flaicht een Games tipp oder besser eng Analyse dofuner Majo dann kennt der jo emol kucken goen an soss selwer emol hei hinner schrewien wei et ierch gefall huet oder soss eng flott sait fir all meiglech transportable geräter oder vun allen transportabelen geräter

Dann gin ech ierch awer nach den link wou dir daat spill natirlech testen kent GRATIS an och kaafen kent fir 14.95$ mee wann ech mech emol emfroen dann fennt een daat ganzt spill och nach flait Grastis soen dann bescheed .... Hei den link

https://www.astraware.com/all/featured/sevenseas/

 Re: PALM - pocket pc

also hun d Spill gespillt an muss soen dass d idee net schlecht ass an d Grafik och deck gudd ass, allerdengs get et awer schnell langweileg, an och schweier! Ass net grad sou menges!

Am Moment spillen ech leiwer d PDA versioun vum Briedspill "Risiko"! Hun eng Versioun fondt dei zwar schon en bessen mei aal ass, mee mecht nach emmer deck Spass, zumols well et net komplizeiert ass, an d Geigner net domm sin!

World War www.zagware.com

Sos spillen ech nach "SolFree" wat een op www.smallware.com fendt, oder "Snood" (wees d URL net mei)

schreiwen vlait nach eng keier mei Spiller an Programmer hei eran, awer just wann et een interesseiert???

Re: PALM - pocket pc

Schwaetzem mier hei vun Palm ODER Pocket-Pc wellt dei zwou Saachen sinn net daat selwecht.
Ech mengen awer den L...d mengt Palm wann ech dei URL vun 'Seven Seas' gesinn dei ech him gsmst hun

meng Spiller sinn : Bejeweled 2 , GTS Racing , Prison an Seven Seas



 Re: PALM - pocket pc

Also mir schwetzen schon vun Palm well den lloyd an ech jo een hun! Hun mein Sony Clie SJ30 demols fier 300€ kaaf an den Lloyd den Lenkert sein Sony Clie SJ33 puer Meint dono fier 175€ mengen ech mech ze erenneren! Den Herr hat alt erem Chance!

Wann een awer Pocket PC huet daerf en awer och eppes doszou soen

Re: PALM - pocket pc

Ajo haat nach vergies ze soen dat ech Garmin IQue 3600 hun.
Ech haat virdrun en Sony PEG-S???



 Re: PALM - pocket pc

En Garmin IQue 3600? Hun vun der Mark nach naischt heieren, woubei dat naischt wellt heeschen, well ech mech an dem Bereich net grad esou gudd auskennen Brauch ech och net well ech sin mat mengem Clie absolut zefridden! Ok en geseit net mei ganz nei aus, den Bildschirm ass en bessen verkratzt, an mein Stylus ass uewen en bessen ofgebrach mee dat ass jo naischt schlemmes, an fier den Recht huet en alles wat ech brauch an dobei nach en gudden Bildschirm! (320x320, 65K) An hun en elo seit baal2 Joer!

Re: PALM - pocket pc

Garmin mescht virun allem GPS'en.Den IQue as een Palm OS5.2 mat GPS antenne integreiert (garmin.com).
Fir dain Sony kanns du awer Folien kaafen fir ob den Schirm ze machen dann ginn et keng Kraatzeren.



Re: PALM - pocket pc

Dat mat den Folien wees ech , awer leider hun ech um unfank geduecht dat wär net esou wichteg! Tja an elo ass et en bessen Speit dofier Mee sin der wirklech net vill, zumols wann een bedengt weivill ech en benotzen!

Re: PALM - pocket pc

Discount Jerseys Shop

Online Cheap Jerseys

Cheap NFL Jerseys

Wholesale Jerseys Shore
Women MLB Jersey

Reds Stitched Snapback Hats

Women NCL Jersey

NBA cheap Jerseys