Stickman - Forum - Themen

Tour de France

 Tour de France

Hun mer geduecht esou een Thema wier fier dei nächst 3 Wochen net oninteressant. Also ech kucken den Tour de France gaeren, mee wei ass et mat iech? Net dass ech elo hei emmer schreiwen an et interesseiert keen Schwein  





Re: Tour de France

na den faidt interesseiert daat ganz secher !

 Re: Tour de France

tja mee dovunner hun ech net vill.

Sin mol gespant wei et haut am Equipen Zeitfueren geet, an op den Ullrich nach eng keier erun kennt. Immerhin ass dat ganzt Team nemmen do, fier him ze helefen (net esou wei et dei lescht Joeren war)





 Re: Tour de France

JO mee deen brengt et irgendwei net esou richteg. Also ech haalen zwar zu kengem bei deem Sport mee esou wei ech daat bis elo emmer matkrutt. gouf den Ulrich emmer eiskaal ofgezun an zwar vum Armstrong.

An wei ech jo den moijen an enger daitscher zeitung gelies hun huet den Ulrich jo eng RIESEN BLUT WUNDE am Hals  mee bon



 Re: Tour de France

Jo dat mat dem Accident war schon krass. Den Ullrich war jo den Daag iert den Tour den France lass gangen ass nach traineieren gefuer. An wei dat emmer sou ass, ass een Auto vum team fier gefuer fier d Streck ze weisen asw. Leider huet deen Auto misten weingst engem Camion voll ob d Brems goen, allerdengs krutt den Ullrich krutt net mei gebremst an ass mat 60 km/h (!!!) ouni Helm hannen durch d Fenster vum Auto geflun!

Mee ech hoffen awer dass den Ullrich erem erun kennt, well dat geif eng enorm spannend Tour de France gin. Et ass jo dem Armstrong seng lascht Tour, an hien well onbedengt gewannen, an den Ullrich well onbedengt den Tour nach eng keier gewannen sou laang den Armstrong nach dobei ass!





 Re: Tour de France

Dei Leid dei mengen "Tour de France" wär dat härtesten wat et get, soll sech emol dei Photoen hei unkucken vun aneren Touren durch Geigenden wou een alles awer keng Velosfuerer erwart! Domader well ech awer net soen, dass d Tour de France net hart ass!

"Tour de Tortour" Billergalerie

tour tortur





 Re: Tour de France

Also ech muss emol soen, dass och wann den Kim Kirchen Gester bei der 11er Etappe weinst Recken Problemer huet misten opgin, hien wirklech imens gudd gefuer ass! Imerhin war hien am Gesamtklassement 20en, an dat ass schon eng enorm Leeschtung! Ausserdem gouf en bei enger Etappe 4en, an bei der 1er richteger Biergetappe den 18en mat nemmen 3:58 Minuten Reckstand! Dat verdengt Respekt an ech hoffen, dass hien d nächst Joer erem mat dobei ass!

Weider sou Kim!





 Kirchen geet bei T-Mobile

Wei elo bestätegt gouf, fiert den Kim Kirchen ab nächstem Joer fier dat deitscht T-Mobile Team. Nom 1. September enerschreift den Kim een Contract fier 2 Joer