Stickman - Forum - Themen

3ds max

 Re: 3ds max

Merci lloyd, an wanns du esou weider schafs dann gees du och eng keier esou gudd wei ech!!!

An ech lueden haut och emol nach dei nei Versioun vun mengem Auto erob, sou baal ech dohem sin an zeit hun!

 Re: 3ds max

Sou hei ass endlech mein Auto!Natierlech ass nach net alles ferdeg an et ass och nach keen Lack an esou drop mee et ass jo mol een Unfank!





ew.jpg (358 kByte, 1.024 x 768 Pixel)
Anzeige optimiert für beste Darstellung.
Großansicht - speichern

 Re: 3ds max

Saluti
Also hei ass meng eischt esou richteg saach am 3dsmax5 mee et get natirlech vill besseres mee, wollt den michel nach froen wei een eppes eraus schneiden kann wann een elo zum beispill esou deen decken deel an der met vun der felg gaer huel haet oder 4 schrauwen do dran setzen weilt!
Ajo an dei felg ass total krommm an voller fehler dofir erof ierch net dei mega foto...

ciao





Felg.jpg (12 kByte, 640 x 480 Pixel)
speichern

 Re: 3ds max

Also ech hun elo mol erem un mengem Auto geschaft (ja ech wees den examen ass eriwwer)!!!
Hun en och schon bei 3dmax.de. erop geluden

https://www.3dmax.de/neu/galerie/lade.php3?id=9564

dir kennt mir jo och nach er Meenung dozou soen!

 Re: 3ds max

Hey lloyd an Joe

Ech hun eppes fondt, wat iech dozou keint motiweieren emol richteg mat 3D Max lass ze leen !!!! Einfach dei zuel hannert dem $ kucken!!!


https://www.turbosquid.com/3d

Re: 3ds max

Dear Mr. Sassel

tip top sassel war elo mol dain neien upload kucken ass net esou schlecht geif och emol esou saachen zu staanen brengen! mee bon wann ech färdeg sinn mat schaffen maachen ech daat flait e bessi.

 Re: 3ds max

Ech hun emol erem en bessen un mengem Auto gebastelt an well ech mer geduecht hun dass dei Biller sou lues langweileg gin, hun ech een klengen Video gemach! Den Auto dreiht zwar just eng keier ronderem, mee esou kennt emol den gudden Lack an och Material vun der Fenster durch! An ech hun et extra esou gerendert, dass een den Video an eng endlosschleif (wiederholen) kann laafen lossen , ouni dass et opfällt! :-) Den video ass maner wei een 1mb grouss an leid als .zip fier! Einfach eroflueden an dei 3 seconnen geneissen!

p.s.: mein Pc huet 2 Stonnen gebraucht fier et ze renderen!

https://stickman.s01.user-portal.com//movies/Carani.zip

 Re: 3ds max

Ech hun mech elo mol amüseiert een Auto helbwegs realistech an eng real Szene dran ze setzen! Ob et gelongen ass kennt der jo selwer kucken!

den Link zum Bild:

https://galerie.homepageparadies.com/index.php?acc=437&album=1395&id=10&pic=70527&PHPSESSID

 Re: 3ds max

also Lloyd ech hun mer geduecht wells du jo am 3dmax net sou gudd bas an dofier am Illustrator den King, dierften dei heiten Biller dech "verzweifelen" (mech iwregens och!!!)

Ass zwar alles op japanech oder sou, mee et sin just d Biller dei interessant sin!!! An dei sin wirklech just am Illustartor gemach!!! Keng Photo oder sou!!!


https://www.photoshopcn.com/bbs/viewthread.php?tid=150569


Re: 3ds max

Salut

Also ech muss soen dass ech demm michel vollkommen recht ginn... also waat dei do am illustrator bastelen daat ass schon nemei normal !! Dei asiaten hun se wirklech nemei graad alleguer . Mee bon gudd sin se.

bis dann..

 Re: 3ds max

Ech hun no ganz langer zeit emol erem een neien Auto gemach! Ass zoufälleger weis een Subaru Impreza gin. Oder soll et emol gin besser gesot! Ass net grad deen scheinsten auto, mee en war gudd fier eng nei Technik ze testen, woudurch ech den Auto mei proper kann "modeleieren". Ech fannen selwer dass en schon zimlech gudd ausgeseit, an den Recht (interieur, puer detailer, rieder, an den Lack,...) kennt nach no!

Kommentarer an Kritik erwenscht





imprezakl.jpg (21 kByte, 512 x 384 Pixel)
speichern

 Re: 3ds max

En klengen Update!

ech hun elo mol dat richtegt Material drob gemach (lack, fenster), den Spoiler verbessert, an puer teitschen erausgemach!

Probeieren den Recht (Interieur, Rieder, puer detailer) desen Weekend nach ferdeg ze maan!





all.jpg (39 kByte, 512 x 384 Pixel)
speichern