Stickman - Forum - Films

Film - Feedback

 Re: Film - Feedback

Tja an dat ass erem en Beweis dofier, dass een besser huet ze warden, an dann den Bericht op Stickman.lu liesen ze kommen. Dann geschitt engem esou eppes net.



 Re: Film - Feedback

MAJO

ALSO ech muss jo soen dass ech an der leschter zeit e bessi liderech war an dass ech amfon mega vill an den KINO gaangen sinn ! ech NIE een Filmfeedback geschriwen ! Mee bon dann huelen ech daat elo emol alles no -> opwuerl warscheinlech schon verschidden Filmer nemmei bei eis amKino laafen mee dann kann een se jo DVD kucken, kaafen oder leien oder ...


- JO den Mr. and Mrs. Smith  -> deen kann ech nemmen emfählen daat ass wirklesch een Film wou et engem net langweileg get! An en ass interessant fir MAN an FRA an Action ass och genuch dran !

- Dann den Wedding Crashers deen ass wirklesch den glanz, virun allem well Darsteller hier roll exellent verkierperen ! also daat ass wirklech een Film fir freckt ze laachen ! Spassfaktor ! 10 vun 10

- Dann bleift mer nach den " THE ISLAND" do war ech am unfack zimlech skeptecsh ! well den trailer mer net esou gudd gefall huet ! mee wei ech en gesinn haat muss ech soen ! ech haat fest domader gerechent anzeschlofen, mee et war naischt draus gin ! waat just komesch ass dass an verschidden Szenen, enorm vill Biller laanscht laafen an daat ebessi komecsh ass, mee schlem ass naischt an d'idee dei ass wirklech exellent iwerluecht, OK et ass alt erem een Hollywood schluss -> mee d'idee dei hannert deem ganzen stecht ass wirklech cool !




-> ech probeieren elo emol emmer mei Aktuell ze sinn  bis dann ...


Re: Film - Feedback

THE ISLAND

Ech hat gemengt ech misst Geschter erem 6euros ausginn fir an de Kino d'Insel kucken ze goen.

Wei den Lloyd schons gesoot huert ass d'Geschicht net schlecht, waat mech awer zimmlech gesteiert huert ass, daat se mat Helikopteren an Autoen vun 2005 geflunn an gefuer sinn, awer Zich an d'Staat aus dem Joer 2100 ass.

Een Film wou een um Fernseh kucken kann awer net bis an den Kino muss laafen.






 Re: Film - Feedback

King Kong

Ech war gester den King Kong kucken, an ech muss soen deen Film ass genial. Et mierkt een dass d Leid vun Herr der Ringe dohannert stiechen. Hun laang keen Film mei gesin wou 3 Stonnen esou schnell eriwer sin. Eng spannend Geschicht, dei obwuel dei mecht Leid se kennen werten, nees an hieren Bann zitt sou wei top spezial Effekter, an een Surround Sound wei een en nach net oft heieren huet. Een Film deen ech nemmen kann weiderempfehlen!!!





 Re: Film - Feedback

Majo Moijn emol...

Also ech war dei leschten Woch den SAW2 kucken an elo hun ech mer geduecht ech gei ierch erzielen wei en war mee awer och een klengen Filmtipp ze schreiwen.

"Majo et geet wei och schon am eischten film em een Mann deen kribserkrankt ass an deen den Menschen vun der Heiteger Welt den sen vum liewen bei brengen welt. daat mescht en op seng eegen arderweis an deem en leit Entfeiert an hinnen dann d'meiglechkeet get hiert liewen zereck ze gewannen!"

jojo also jidereen deen mengt et wär een iwerdriwenen Film wou alles off gemezelt get deen leit Falsch ! den Film ass zimlech gudd gemaach fir net ze soen MEGA GUDD en ass net iwerdriwen, an net onrealistech.

Ze rekomondeieren wär dass een den eischten deel gesin hätt opwuerl et net elementar ass. Mee bon et sinn verschidden kleng detailer dei engem erem opfaalen wann een den eischten deel gesinn huet! An fir leit dei mengen den DAWN OF THE DEAD wär brutal dei sollen den Film besser net kucken

Also daat war meng<< Recomondation for tonight >> majo wei bei engem normalen Filmtipp ass dann hei nach den link fir TRAILERen...

https://www.apple.com/trailers/lions_gate/saw_2/


Dir gesidd jo schon op den Dateien dei ungehangen sinn an wei eng styll richtung en geet_an wann net dann kuckt den trailer. KUCKT TRAILER !!






saw2-2.jpg (89 kByte, 425 x 639 Pixel)
Anzeige optimiert für beste Darstellung.
Großansicht - speichern

saw2-1.jpg (81 kByte, 600 x 889 Pixel)
Anzeige optimiert für beste Darstellung.
Großansicht - speichern

 Film - Feedback: Lord of War

Lord of War

"There are over 550 million firearms in worldwide circulation. That's one firearm for every twelve people on the planet. The only question is: How do we arm the other 11?"

Den Film " Lord of War" weist Geschicht vum Yuri Orlov (Nicolas Cage), deen an den freien 80er Waffen verkäft, bis an d 90er wou wn zu engem welweit erfolgreichen Waffenhändler get. Den Film weist och d Relatioun vum Yuri zu sengem klengen Bruder, seng Hochzeit mat engem bekannten Model, d Verfolgungsjagd mat engem "Federal Agent", sou wei den Kampf mat sengem Gewesen zweschen Erfoleg an onmoralechen Geschäfter.

Ech perseinlech war positiv iwerrascht vum Film. Et ass wirklech interessant "nozekucken" wei sou een "Warlord" seng Geschäfter mecht. Et get een emmer erem domader konfronteiert, ob dat dann elo falsch ass wat en mecht, immerhin, gin mat sengen Waffen Leid embruecht, mee ob der aner Seit verkäft en d Waffen just, an ass net verantwortlech dofier wat aner Leid domader machen. Wien elo een Waffenhandel asw. heiert an mengt et wär een brutalen Action Film leid falsch. Et ass een clever gemachen Film deen och durch seng Kommentarer iwerzeegen kann. Hei en puer Beispiller:

"The first and most important rule of gun-running is: never get shot with your own merchandise."

"Back then, I didn't sell to Osama Bin Laden. Not because of moral reasons, but because he was always bouncing checks."

"Governments are changed more often by bullets than votes."

Fazit: Wenn eng keier net nemmen Action well gesin, mee eichter eng intelligent Geschicht muss deen Film onbedengt kucken goen!

Link: Lord of War Trailer






lord-of-war.jpg (48 kByte, 400 x 597 Pixel)
Anzeige optimiert für beste Darstellung.
Großansicht - speichern

 Re: Film - Feedback

Jarhead

mein bruder sot ech soll mol rem eppes op stickman schreiwen ...

maja ... wor firgeschter den film jarhead kuken an en ass wierklech flott an dawert kuken ze goen !! en richtechen anti-krichsfilm ... neicht fir leit dei nemmen op balleren stin









jarhead.jpg (55 kByte, 450 x 636 Pixel)
Anzeige optimiert für beste Darstellung.
Großansicht - speichern

Re: Film - Feedback

Ich möchte einen Film sehen, na ja, etwas faszinierendes. Es kann ein Thriller sein. Wie John Wick. Oder psychologisch, wie Filth. Raten sie, Filmfans)))) und erzähl mir ein paar TV-Shows für Wochenende, bessere Detektive und Komödien und wo sie sie sehen movie4k.to, sonst möchte ich sie nicht herunterladen. Danke!

Re: Film - Feedback

You already know the TV BRASIL new baixar is having a lot of theatrical movies already here. You can review it whenever you like. Download our app now at home page:

brasil tv new atualizado

I have followed the crowdfunding programs that have been broadcast on brasil tv new atualizado. These are high value and attract sponsors.