Stickman - Forum - Games

-> Games Tipp <-

 Neien Gamestipp

Neien Gamestipp:

Ech hun mer iwerluecht an Zukunft d Spiller net mei an deem Senn ze testen an fierzestellen, wei een dat schon vun villen aner HPen kennt, oder aus Zeitschreften, mee dofier mei op den Spillspass selwer anzegoen. dat hescht anplatzt all d features, d Grafik, Sound, asw. fier ze stellen kucken ech elo just drob wei d Spill dann elo iwerhapt am Ansatz ass! Mee keng Angst, ech verlinken zousetzlech nach emmer op een Artikel, wou der weiderhin, all Dommheet iwert d Spill gewuer gid!

Wat och nei ass, dat ass dass d Spiller elo eng "Spillspass Wertung" kreien. Verdeelt gin dei bis zu 5 Punkten (an Form vun Smileys), + een Platinum Preis fier wann een Spill eppes besonech gudd mecht!

0 - mol net Spillen, wann der et Gratis kritt.

 - Schlecht Spill. Allerdengs kennen Fans vun dem Genre oder vun der Serie sech et awer mol unkucken

2 - Keen schlecht Spill, allerdengs versauen verschidden Fehler/Features den Spill Spass!

3 - Gudd Spill, wat leid dei sech fier desen Genre vun Spiller interesseiert absolut en Bleck wert ass

4 - Richteg gudd Spill, Fier jidereen Absolut een Bleck wert.

5 - Een absolut Top Spill!

silver - Dat Spill ass an deem Bereich (Grafik, Muliplayer, Gameplay, ...)den Absoluten Glanz!

 

 

 

 Games Tipp: Bf2 Demo

Battlefield 2 : Demo

Mat engem enormen Undrang op den Server schon Samsdes Moies (Giga Server zu 87% Ausgelascht) ass se endelch unkomm! Dei laang erwarten Battlefield 2 Demo! d Spill selwer ass den 24 Juni eraus komm, mee ech hun extra fier iech nach d Demo getest.

 

Wat een direkt op den 1en Bleck geseit, dat ass, dass EA sech erem stark un Bf1942 orienteiert huet. Et fennt een sech direkt iwerall erem, an ouni lang Probeieren geet et direkt lass op "d Battlefield".

Schnell eng Klass eraus gesicht an eng Waff, an schon kann een d Befehler vun sengem Commander oder Squadleader unhuelen. Dat klappt zimlech gudd an mecht och sou richteg Spass. Et leeft keen mei einfach esou durch d Geigend, an et geet emmer an Squads vun 2-4 Leid zesummen. Per einfach Befehler kann een sengen Team Kolegen Befehler gin, wei Defens, Move, Attack,....! An et villt een sech richteg am Kampf dran, wann een, do steet eng Positioun ze bewachen, an op eng Keier kommen se hun hannen, an et muss een sein Team nei opstellen. Bomen explodeieren imposant mat decken Explosiounen, Metall Stecker fleien durch d Geigend vum Panzer deen grad beschoss get, Kurelen zichen iwerall durch d Geigend, an vum Artillery Beschoss get een sou erwecht, dass een während puer Sekonnen, alles nemmen nach dompf heiert an alles verschwommen ass! Hektik kennt schon op an deenen Situatiounen, allerdengs get een net iwerfuerdert, an et behelt een emmer d Kontroll. Eppes wat souwiesou zimlech gudd gelongen ass am Spill! Et huet een wirklech mat den Geigner ze kämpfen, an net mat der Steierung sou wei et nach bei Bf:Vietnam war!!! An dat ganzt get och esou 1 zu 1 am Muliplayer gespillt!

 bfimage

Fazit: BF2 huet absolut d Chance dat besten Muliplayer Spill ze gin wat et get! Spillspass puer deen allerdengs een gudden PC viraus setzt (1,7 GHz, 512 MByte, Geforce Fx 5700, Radeon 8500) an eng schnell DSL Leitung. (Geforce 4 Kaarten gin vum Spill net ennerstetzt!!!)

Demo Download 512 mb        Artikel op Giga.de          Nach mei Biller





 Demo Day

Demo Day

Haut eng kleng Lescht vun gudden, neien Demos fier den PC.

Serious Sam 2

Balleraktion puer! Keng Taktik oder Teamplay zielt an desem Spill, just een schnellen Fanger. Flott Grafik, kreativ Geigner an Waffen sou wei en bessen Jump n Run an Vehikel brengen Aktion fier puer Minuten. Genau dat richtegt fier sech of ze reageieren.

Download Serisous Sam 2 Demo (235.81MB)

Age of Empires 3

Den Nofolger vun engem Spill dat aus dem Strategie-Genre net wei weg ze denken ass. Age of Empires erfend sech net nei, allerdengs iwerrascht d Spill mat puer neien Features an enger Grafik dei am Strategie Bereich alles iwertrefft wat bis elo do war. Wien op Strategie Spiller steht kennt net lanscht Age of Empires 3!

Download Age of Empires 3 Demo (365.83MB)

Pro Evolution Soccer 5

Dei aktuell Versioun vum besten Fussballspill wat een momentan fier den PC kritt. Nei Lizenzen, besser Grafik, an en puer nei Features - mei awer och net. Mee brauch een och net well schon den Fiergänger zimlech perfekt war.

Download Pro Evolution Soccer 5 Demo (154.98MB)

World Racing 2

Eng gudd Meschung zweschen Arcade an Simulatioun. Zum Gleck sin des keier mei Automarken dobei an net mei nemmen Mercedes. Ween schon emmer den Golf V R 32 iwert weit italiensch Strecken ausreitzen wollt ass bei desem Rennspill genau richteg.

Download World Racing 2 Demo (86.48MB)

Total Overdose

Eng Meschung vun GTA, Max Payne an Serious Sam, genau dat ass Total Overdose. Action puer mat coolen Moves, Bullet-time (Zeitlup), fereckten "Specials", an dat ganzt nach komplett ouni Senn. Funshooter par excellence.

Download Total Overdose Demo (309.28MB)

Call of Duty 2

Call of Duty um PC ass een vun den besten Shooter deen et get. Haptsechlech durch seng realistech Atmosphere an perfekt gelongen Missiounen huet desen Shooter vill Fans gewonnnen. Baal keen aneren Ego-shooter fesselt een esou un den Bildschirm wei Call of Duty.

Download Call of Duty 2 Demo (655.71MB)









demos.jpg (18 kByte, 500 x 94 Pixel)
speichern

 TOP GTA V

Eng kleng Warnung: Wanns de eng Persoun bass dei et net kann erwarden bis GTA V erauskennt ass et net empfehlenswert desen Text hei ze liesen, well sos ges de nemmen nach bei gespannt!!!

Dei eichten Muliplayer Informatiounen sin veröffentlecht gin, an et get beiss. Hei all Infos:

* There are 15 multiplayer game modes in GTA IV. PSM had an opportunity
to play 7 of them. The rules of each game are determined by the host.
* Multiplayer supports upto 16 players.
* Your online character is fully customizable. You can alter his race, sex, hair, clothing etc.
* The game modes featured are as follows:
1. Hangman's NOOSE
2. Car Jack City
3. Bomb da Base
4. Bomb da Base II
5. Mafia Work
6. Team Mafia Work
7. Deathmatch
8. Team Deathmatch
9. Turf War
10. Cops N Crooks
11. Race
12. GTA Race
13. Deal Breaker
14. Free Mode
15. ????

* In Race and GTA Race, the host gets to decide which vehicles are
involved, and the number of laps to be played. You can shoot and throw
molotovs from the window, and even steal your rivals' car.
* In
Deathmatch and Team Deathmatch, the host gets to decide the number of
pedestrians, the amount of traffic, the intervention of police (or
not), and the type of weapons.
* In Cops N Crooks, one team play as
cops and the other play as criminals. The cops must stop the criminals
from escaping. They can monitor the locations of the criminals on their
GPS systems, while the criminals don't know where the cops are.
*
In Mafia Work and Team Mafia Work, you play as one of Kenny Petrovic's
mafia henchmen. You must complete hits ordered by the boss (via the
cellphone) before your rivals are able to do so.
* The map used in multiplayer is the same map that is used for single player.

* A single-player mission called "Hangman's NOOSE" features co-op. You
and your friends will be able to escort a mobster, while being pursused
by a SWAT team.

Re: Neien Gamestipp

Ganz schein Mich, mee anscheinend bass de net gudd informeiert! Deng Lëscht do ass fir GTA IV [b](4)[b], mee wanns du awer gaer soulaang op GTA 5 warts hun ech keen Probleem domatt

Re: Neien Gamestipp

Deen Gast do war natiirlech ech, schaiss Login  


____________________

 Re: Neien Gamestipp

Jo ech hun eben Zeit, an den GTA IV get souwiesou mies doweinst warden ech alt op den GTA 5! Deen wert dann nämlech xbox 360 exclusiv sin